1989-1995 : Marc Fischbach

De Marc Fischbach kënnt den 22. Februar 1946 an der Stad op d’Welt. E studéiert Jura zu Nanzeg, gëtt Affekot a spéider Nottär. Als Member vun der CSV ass e vun 1979 bis 1984 Deputéierten zu Lëtzebuerg an huet och e Sëtz am Europaparlament. 1984 gëtt en an der CSV/LSAP-Regierung Minister fir Landwirtschaft a Wäibau, Arméiminister, Minister fir d’Fonction publique a Minister fir Sportunterricht a Sport. An de Regierunge vun 1989 bis 1995 ass e fir d’Ressorte Bildung, Justiz an d’Fonction publique zoustänneg. Vun 1995 bis 1998 ass de Marc Fischbach Justiz- a Budgetsminister a Minister fir d’Relatioune mam Parlament. 1998 geet en als Riichter un den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter, 2004 kënnt en op Lëtzebuerg als éischten „Ombudsmann“ zeréck, e Posten, deen e bis 2012 hält. Zënterhier ass de Marc Fischbach President vun der Confédération des Organismes Prestataires d’Aides et de Soins (COPAS).

Entdeckt 6 Interviewen

Processus de consultation

Nouveaux critères d'évaluation et de promotion

Ouverture de l'accès universitaire aux détenteurs des diplômes de fin d’études secondaires techniques

Préparatoire

SCRIPT

Centres des Langues, Service de Formation des Adultes et Institut National pour la Promotion de la Formation Professionnelle Continue