2004-2013 : Madeleine “Mady” Delvaux-Stehres

D’Madeleine Anne (genannt Mady) Delvaux-Stehres kënnt den 11. Oktober 1950 op d’Welt. Si studéiert klassesch Literatur op der Sorbonne zu Paräis an enseignéiert als Proff am Lycée Michel Rodange, wou se bis 1989 bleift, éier se an der CSV/LSAP-Regierung Staatssekretärin fir Gesondheet, sozial Sécherheet Jugend a Sport gëtt. D’Mady Delvaux-Stehres, zënter 1974 Member vun der LSAP, gëtt 1994 Ministerin fir Kommunikatioun, Transport a sozial Sécherheet.

Nodeems d’Mady Delvaux-Stehres 1999 fir d’Oppositioun an der Chamber souz, kënnt se 2004 an d’Regierung zeréck an ass bis 2013 Ministerin fir Educatioun a Beruffsausbildung. Ënner hir kënnt et gläich zu e puer grousse Reformen am Bildungswiesen, eng dovu betrëfft d’Schoulgesetz vun 1912: 2007 gëtt d’Schoulflicht ëm ee Joer op 16 Joer verlängert an d’Léiere gëtt a Form vu Kompetenzen definéiert. D’Reforme vum Lycée an der Beruffsausbildung treffe virun allem bei de Gewerkschaften op Widderstand. D’Mady Delvaux-Stehres schléisst hir politesch Karriär mat engem Mandat als Member vum Europäesche Parlament vun 2014 bis 2019 of.

Entdeckt 6 Interviewen

Niveaux de compétences

Grève

Réforme de la formation professionnelle

Lycée de Schengen

Sportlycée

Cellule d'accueil scolaire pour élèves nouveaux arrivants