Portrait vum Fernand Boden - Source: SIP, Jean-Paul Kieffer - (DL_132942)

1979-1989: Fernand Boden

De Fernand Boden gëtt den 13. September 1943 zu Iechternach gebuer. E studéiert Mathematik a Physik op der Universitéit zu Léck an ass vun 1966 bis 1978 Proff am Iechternacher Lycée. En engagéiert sech fréi an der CSV a gëtt 1970 an de Gemengerot vu senger Heemechtsstad gewielt. 1978 réckelt en an d’Chamber no an ass vun 1979 bis 1989 Educatiounsminister a Minister fir den Tourismus. 1989 gëtt e Minister fir Famill a Solidaritéit a Minister fir de Mëttelstand, 1994 kënnt d’Fonction publique dobäi. Vun 1999 bis 2004 ass e Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung a Minister fir de Mëttelstand, Tourismus a Wunnengsbau. Vun 2004 bis 2009 huet en d’Ressorte Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, Mëttelstand, Tourismus a Wunnengsbau. 2009 gëtt en erëmgewielt an ass bis 2013 an der Chamber.

Entdeckt 6 Interviewen

Réforme de la formation professionnelle

Brevets de Technicien Supérieur (BTS)

Loi-cadre relative à la recherche

Tronc commun

Financement public des écoles privées

Discussion sur la réforme de l'enseignement religieux et morale laïque