2013- : Claude Meisch

De Claude Meisch gëtt de 27. November 1971 zu Péiteng gebuer. E geet an de Lycée technique Mathias Adam zu Rolleng a geet duerno op d’Universitéit Tréier, déi en 1998 mat engem Diplom als Ökonomathematiker verléisst. Vun 1999 bis 2013 schafft e bei der Banque de Luxembourg. En engagéiert sech politesch scho fréi an der Gemeng Déifferdeng an an der Jeunesse Démocratique a packt et 1999 an d’Chamber. 2000 gëtt e Schäffen, 2002 Buergermeeschter zu Déifferdeng an 2004 DP-Parteipresident. Vun dëser Funktioun an och vun där vum Buergermeeschter trëtt en 2013 zeréck, wéi en an der éischter Koalitionsregierung DP/LSAP/déi gréng Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend a Minister fir Héichschoulbildung a Fuerschung gëtt. No de Chamberwalen am Oktober 2018 gëtt en op en Neits Minister mat deene selwechte Ressorten. No de Walen 2023 behält de Claude Meisch de Ressort fir Bildung, Kanner a Jugend a gëtt zousätzlech Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung.

Entdeckt 15 Interviewen

Rapprochement de l'éducation formelle et non formelle

Cours Vie et société

Création de l'IFEN

Écoles internationales

Création des Centres de compétences en psychopédagogie

Création d'une représentation nationale des parents

Création du Service de médiation scolaire

Création de l'Observatoire national de la qualité scolaire

Lycée Edward Steichen à Clervaux

Ecole internationale à Mondorf-les-Bains

Encoder dans le fondamental

Covid-19

Introduction des Digital Sciences

Création de l'École internationale Gaston Thorn

10 ans de politique d'éducation