Wéi kënne mir Iech hëllefen?

No wéi enge Krittären hu mir déi op der Websäit presentéiert Etappen ausgewielt?

Fir d’Chronologie vun engem esou groussen Zäitraum ze strukturéieren, huet missen eng Auswiel aus Honnerte vun Evenementer a Verännerunge getraff ginn. Den éischte Krittär fir esou eng Selektioun ass d’Nohaltegkeet vun enger Reform, den zweeten den innovative Charakter vun enger Verännerung, den drëtten d’Oplëschte vun alle Lycéeën an dee véierten de Wiessel vum politesche Verantwortleche fir de Bildungsberäich.