Miersch
Duerch d’Gesetz vum 10. August 2005 gëtt de Lycée technique pour professions éducatives et sociales (LTPES) gegrënnt. De Lycée bitt eng Vollzäitausbildung zum Educateur / zur Educatrice un. En ersetzt domat den Institut d’études éducatives et sociales (IEES), deen 1990 gegrënnt gouf an deem seng Wuerzele bis op d’Grënnung vun Instituter a Strukture fir differenzéierten Unterricht am Joer 1973 zeréckginn.