Ettelbréck

Lycée technique d’Ettelbruck (LTETT)

Lycée technique d’Ettelbruck (LTETT)
Den haitegen Lycée technique d'Ettelbruck- Source: SCRIPT

1969: Schafung vun engem Collège d'enseignement moyen zu Ettelbréck, Virleefer vum Lycée technique d’Ettelbruck

D’groussherzoglecht Reglement vum 18. Juni 1969 schaaft ee Collège d’enseignement moyen zu Ettelbréck, där d’Beruffsschoul zu Ettelbréck ugegliddert gëtt. Där hir Installatioune waren e puer Joer virdrun erneiert ginn, fir de Collège d’enseignement moyen et professional d’Ettelbruck ze bilden.