Esch-Uelzecht

Lycée technique de Lallange (LTL)

Lycée technique de Lallange (LTL)
Logo vun der Schoul - Source: LTL

2002: Grënnung vum Lycée technique de Lallange

De Lycée technique zu Lalleng gëtt duerch d’Gesetz vum 28. Oktober 2002 gegrënnt. An der Folleg gëtt de Lycée technique d’Esch, deen, wéi dëse Projet de loi agereecht gouf, méi wéi 2400 Schüler op fënnef verschiddene Sitten hat, an zwee gedeelt, wat den administrativen a logisteschen Opwand enorm verréngert an d’Schoul op eng „mënschlech Gréisst“ reduzéiert. Den LTL gëtt spéider moderniséiert a vergréissert.

De Lycée vun uewen - Source: SCRIPT