Wolz

Lycée du Nord (LN)

Lycée du Nord (LN)
De Logo vun der Schoul - Source: LN

1969: De Lycée du Nord entsteet

Duerch d’groussherzoglecht Reglement vum 18. Juni 1969 gëtt zu Wolz de Collège d’enseignement moyen gegrënnt, un deen de Centre professionnel ugegliddert gëtt. Dat Ganzt kritt den Numm Collège d’enseignement moyen et professionnel du Nord a gëtt spéider de Lycée du Nord. D’Verwaltung vun der Schoul gëtt dem Fernand Schmitz uvertraut, den éischten Direkter vum Collège.

Dat alt Gebai vum Lycée - Source: LN

1992: Radio LNW

D’Konzept „Favoriser la rencontre et la communication“ vum Lycée du Nord entsteet an ass d’Basis vum Radio LNW, en excellent pedagogescht Instrument, fir de mëndlechen Ausdrock, d’Aarbecht mat de Medien an déi regional Kultur ze fërderen.

Foto vun der Ekipp vum Radio LNW (1996) - Source: LN

1992: Nei Bezeechnung Lycée du Nord

1992 kritt d’Schoul d’Autorisatioun, Deuxièmes- a Premièresklassen unzebidden an ass domat e vollstännege Lycée.

De Lycée heescht elo offiziell Lycée du Nord (LN).

Source: LN

2005: „LN Vibrating“ gëtt an d’Liewe geruff – eng Soirée, wou verdéngschtvoll Schüler a Schülerinne geéiert ginn.

Den éischten „LN Vibrating“, e festlechen, vum Lycée organiséierten Owend, fir engagéiert Schüler a Schülerinnen ze éieren an ze belounen, gëtt 2005 an d’Liewe geruff. Am Ufank wëll de Lycée domat säi Respekt a seng Wäertschätzung zum Ausdrock bréngen, souwuel fir Schüler, déi excellent schoulesch Leeschtungen erbruecht hunn, wéi och fir Schüler, déi sech op kulturellem, sozialem a sportlechem Plang ervirgedoen hunn.

Den „LN Vibrating“ gëtt am Laf vun de Joren zu engem zentralen Evenement fir déi ganz Schoulgemeinschaft vum Lycée du Nord an zu engem onvergiesslechen Ament fir déi, déi ausgezeechent ginn, an esou déi aner motivéieren, sech och ze engagéieren.

Presseartikel op mywort.lu iwwert d'Editioun 2019 vum „LN Vibrating“

2006: Den Ufank vum Projet „Joerbuch“ am Lycée du Nord

Ee vun de grousse Projete vum LN fänkt am Joer 2006 un. D’Iddi dozou hat den Engleschproff Emmanuel Bock. De Projet „Joerbuch“ soll e Joresbuch vum LN gi mat Souvenirsfotoen, Reportagen, literaresche Produktiounen souwéi Temoignagë vun den aktuelle Schüler a Schülerinnen, de Proffen an de fréiere Schüler a Schülerinnen. De Projet huet direkt grousse Succès. Zënter méi wéi 15 Joer waart d’Schülergemeinschaft ongedëlleg op all Joerbuch.

D'Couverture vum éischte Joerbuch - Source: LN

De Lycée du Nord feiert säi 40. Gebuertsdag

Dat wichtegst Evenement vum Joer 2010 ass d’Feier fir de 40. Gebuertsdag vum Lycée. Méi wéi 500 Gäscht sinn den 3. Mee 2010 bei de Festivitéiten dobäi. An engems ginn och déi nei Gebaier ageweit. Den Jo Troian, den deemolegen Direkter, weist sech als talentéierte Riedner an Analyst, andeems en déi richteg Wierder fënnt, fir d’Geschicht an d’Specificitéite vum Lycée ze illustréieren: „Dëser Schoul ass näischt geschenkt ginn, weder bei der Grënnung viru 40 Joer, nach beim Ausbau vun de Gebaier, der Schouloffer oder dem Transport. D’Geschicht vun dëser Schoul ass vum Kampf ëm Unerkennung gepräägt a si ass domat d’Geschicht vum ganzen Éislek“ (Jo Troian am Artikel vum John Lamberty vum Luxemburger Wort de 4. Mee 2010).

E besonnesche Moment ass de Kuerzfilm iwwer 40 Joer Geschicht vum LN an d’Verëffentlechung vum Buch zur Geschicht vum Lycée vun 1969 bis 2009. Dës Chronik vun iwwer 700 Säiten, zesummegestallt ënner der Leedung vum bekannte Franséischproff Jeannot Nehrenhausen, gräift déi wichtegst Evenementer a Form vu gutt honnert klengen Erzielungen op.

De véierzegte Gebuertsdag vum LN 2010 - Source: LN

2016: De „Jugendmusical IPHI“ vum Lycée du Nord

De „Jugendmusical IPHI“ wäert der Schoulgemeinschaft vum LN laang an Erënnerung bleiwen. Déi 1200 Billjete fir déi dräi Opféierunge sinn a Rekordzäit ausverkaaft. De Musical kënnt immens gutt beim Public un, dat beweisen déi laang „Standing Ovations“ op eng beandrockend Manéier. Ronn 90 Minutte loossen sech d’Zuschauer begeeschtere vun der Geschicht vun enger Maschinn mam Numm „IHPI“, déi d’Kontroll iwwer d’Mënsche geholl huet, a siverzaubert vun der Symbios tëscht der vun de Schüler live gespillter Musek an dem Stéck an all senge Facetten a mat all senge Spezialeffekter. En enormen Erfolleg fir e Projet, dee komplett vun de Schüler a Schülerinnen organiséiert an duerchgeféiert gouf.

 

Fotographie vum Prix Mérite Jeunesse - Source: LN

D’Kiischt um Kuch: E puer Méint méi spéit gëtt d’Ekipp vum „Jugendmusical IPHI“ mam „Prix du Mérite Jeunesse“ ausgezeechent. De Musical ass eng schéi Reklamm fir de Lycée du Nord, deen d’Bezeechnung „atelier de créativité et de talents“ zu Recht verdéngt. Déi musikalesch Opféierung huet ausserdeem verstoppten Talenter d’Dier opgemaach, déi et gär de Laureate vum „Prix du Mérite Jeunesse“ wëllen nomaachen.

2019: Festivitéite fir de 50. Gebuertsdag vum Lycée du Nord

mam Numm „LN Celebrating“  un, dat an d’Annale vum Lycée wäert agoen als dat gréisst Fest, wou sech déi fréier Schüler a Schülerinnen erëmgesinn hunn, alleguer houfreg drop, hei an d’Schoul gaangen ze sinn. De Motto „proud to be an LNer“ war ni méi aktuell wéi um „LN Celebrating”-Dag.

of 2

Méi wéi 1200 Gäscht sinn an den LN komm, fir um Fest deelzehuelen, zu deem ënner anerem e kreativen Apero-Spadséiergank gehéiert an eng Fotosausstellung zum Theema „Lycée du Nord en fête“ (De Lycée du Nord feiert), déi fir nostalgesch Réckblende suergt. Zum Ofschloss spillt déi legendär Band WHY NOT.

D’akadeemesch Sitzung den 10. Oktober 2019 markéiert den Héichpunkt vun de Feierlechkeete vum Cinquantenaire. De Pierre Stockreiser bitt den Invitéen eng originell an eenzegaarteg Sitzung: Déi offiziell Rieden gi musikalesch begleet a vun humoristesche literaresche Pausen ënnerbrach. Als Ofschloss suergt de bekannte visuelle Künstler Melting Pol fir e phantastescht Light&Sound-Spektakel, andeems en d’Fotoen aus den Archiver nei interpretéiert, fir se op d’Fassade vum Lycée du Nord ze projezéieren.

2019: De Lycée du Nord bei der Gedenkfeier zur Ardennenoffensiv

Méindes, de 16. Dezember 2019 hëlt eng Delegatioun vu 16 Schüler a Schülerinnen aus dem Lycée du Nord un der Gedenkfeier zum 75. Joresdag vum Ufank vun der Ardennenoffensiv um Schumanns Eck deel. D’Schüler suerge fir de musikaleschen Encadrement an droen Textpassagen iwwer d’Grausamkeet vum Krich vir. No der offizieller Gedenkfeier ass d’Aweiung vun der „Ausstellung zum 75ten Jahrestag der Ardennenoffensive“ am Lycée du Nord. Eng Grupp vu Schüler gëtt den Invitéen, ënner anerem dem Ierfgroussherzog Guillaume an dem Chamberpresident Fernand Etgen, Erklärungen zur Ausstellung.

Dëst Evenement ass repräsentativ fir de staarken Engagement vum Lycée du Nord an der Erënnerungsaarbecht. 2020 kritt den LN de prestigiéise „René Oppenheimer“-Präis fir seng Efforten am Kampf géint d‘Vergiessen.

of 3