Iechternach

Lycée classique d’Echternach (LCE)

Lycée classique d’Echternach (LCE)
D’Haaptgebai vum aktuelle Lycée classique d'Echternach. D’Schoul ass ënner anerem an de Raimlechkeeten vun der aler Abtei ënnerbruecht - Source: SCRIPT

1825: Bewëllegung vum provisoresche Kolléisch zu Iechternach, Virleefer vum Lycée classique d’Echternach

Als Abteistad zënter dem Mëttelalter hat Iechternach sécherlech eng Schoul an der Abtei, déi am 8. Joerhonnert gegrënnt gouf. Iwwer d’Form an d’Gréisst vun dëser Schoul ass net vill gewosst. Privatinitiativen an och Initiativen op Gemengenniveau si beluecht, mee eréischt 1825 gëtt de provisoresche Kolléisch vum Staat unerkannt. De „Collège royal“ gëtt am Juni 1825 ageweit. Et ass de Virleefer vum aktuelle Lycée.

D’Basilika an d’Schoul zu Iechternach (1952) – Source: Edouard Kutter Jr. 5228 - copyright Photothèque de la Ville de Luxembourg