Dikrech
Déi belsch Revolutioun gëtt de Gemenge méi Fräiheeten, déi zum Beispill zoustänneg si fir de Primaire, wat d’Grënnung vu Schoule méi einfach mécht. Zu Dikrech gëtt esou eng kommunal Mëttelschoul am ale Rekollekteklouschter gegrënnt. Déi nei Schoul bitt vun 1837 un eng Beruffsausbildung fir Schoulmeeschteren a Léierinnen un. 1841 iwwerhëlt de Staat d’Schoul a wandelt se an e Progymnase royal grand-ducal ëm mat de véier ënneschte Lycéesklassen.