Lëtzebuerg
Den Direkter Gaston Ternes an den Erzéiungswëssenschaftler Dr. Jackie Antoine leeden déi pedagogesch Ekipp.
Beim éischte pedagogesche Weekend zu Munneref gëtt eng innovativ Approche mam Zil vum selbstännegen a verantwortungsbewosste Schüler entwéckelt: de pedagogesche Projet vum LAML.
Am Kader vum “Projet d’établissement” FAR (“Formation Action Recherche”) gëtt sech de Lycéee Aline Mayrisch eng spezifesch intern Struktur baséierend um Prinzip vun der Participatioun mat engem Recherche-Departement, Projete a Gruppen, déi enk matenee kollaboréieren.
Am September 2001 ginn déi éischt Septièmes-Klassen am neie Gebai um Campus Geesseknäppchen empfaangen. Jiddwer Schüler vum Lycée Aline Mayrisch huet en „elektronesche Schoulsak“.
Mat dräi anere Lycéeë mécht den LAML beim Projet PROCI mat („Projet cycle inférieur“), deen déi ënnescht Klasse vum allgemenge Sekundarunterricht (de fréieren „Technique“) betrëfft. Bis haut hält den LAML un dëser Approche fest: D’Schüler bleiwe vu 7e bis 5e an der nämmlechter Klass, mat interner Differenzéierung. Déi national Reform vun 2017 iwwer de Secondaire iwwerhëlt e puer vun de Basisiddie vun dësem Projet.
Eemol am Joer gëtt eng Projektwoch organiséiert, fir d’Interdisziplinaritéit ze fërderen. D’Aarbecht am Kader vum Projet erméiglecht et de Schüler, fächeriwwergräifend Kompetenzen ze entwéckelen, déi och schonn am Methodentraining vu 7e bis 5e gefërdert ginn.
Mat de Museks- an Danzklasse wëll den LAML d’Kultur verstäerkt fërderen an de Schüler d’Méiglechkeet ginn, hir Kompetenzen ze entwéckelen an Erfarungen op enger Bün ze sammelen, virun allem bei der grousser Museks- an Danzshow „Music in motion“, déi all Joer organiséiert gëtt.
D’Schoulentwécklung an der Theorie an an der Praxis: Zu sengem 10. Jubiläum verëffentlecht den LAML d’Textsammlung „Le lycée en question(s)“, an där Schüler, Léierpersonal, Elteren an Experten aus dem Beräich Erzéiungswëssenschaften an aus anere Beräicher vun hiren Erfarungen erzielen an eng Bilanz zéien.
Eng éischt Pilotklass schafft mat iPads, déi par rapport zu de Laptoppen nei Méiglechkeete bidden. De Projet one2one vum Ministère erlaabt et, zënter 2018 ëmmer méi Klasse mat Laptoppen ze ekipéieren.
D’Carole Chaine, bis ewell Directrice adjointe, iwwerhëlt d’Direktioun vum Gaston Ternes. Si an hiren Adjoint Claude Faber stellen en Team vun Attachéen zesummen am Sënn vun der kollektiver Intelligenz. D’Schoul gëtt sech mam Logo, deen 2020 erauskënnt, eng nei visuell Identitéit. Mat der méi grousser Schouldirektioun mussen déi intern Organer ugepasst ginn. Dës Ëmstrukturéierung ass 2022 ofgeschloss.