Lëtzebuerg
Fir de Kanner vun den Employeure vun amerikanesche Betriber, déi zënter der Nokrichszäit zu Lëtzebuerg installéiert sinn, eng engleschsproocheg Alternativ kënnen ze bidden, gëtt op eng Privatinitiativ hin eng Schoul ënner dem Numm DuPont de Nemours Private School gegrënnt. Dës Schoul wiisst bestänneg an erweidert seng schoulesch Offer fir de Secondaire permanent.
No engem bescheidenen Ufank an engem private Salon zu Stroossen plënnert d’Schoul a verschidde Raimlechkeeten an der Stad a kritt schliisslech Raimlechkeeten um Campus Geesseknäppchen.