1891: Schafung vun enger École ménagère agricole, Virleefer vum Fieldgen
Op Initiativ vum Staatsminister Paul Eyschen maachen d’Schwëstere vun der Doctrine chrétienne zu Gaasperech eng École ménagère agricole op, fir jonk Meedercher aus der Aarbechterklass op d’praktescht Liewe virzebereeden.