Esch-Uelzecht
D’Kongregatioun vun de Soeurs hospitalières Sainte Elisabeth grënnt an der Maison Hamilius-Löwenbruck, Rue Saint-Vincent, eng Bitzschoul, de Virleefer vun der haiteger Schoul. Véier Joer méi spéit gëtt d’Schoul an eng Haushaltungsschoul ëmgewandelt.
D’Schoul, zu där och en Internat gehéiert, gëtt an engem neie Gebai um nämmlechte Site ënnerbruecht. D’Gebai entsprécht dem lénkse Fligel vun der haiteger Schoul.
Um Enn vum Zweete Weltkrich logéiere Flüchtlingen aus dem Éislek an der Privatschoul, nieft de Schüler vun der fréierer Industrieschoul a Schülerinne vum Lycée classique pour filles. D’schoulesch Offer gëtt erweidert. Esou gëtt et elo Klasse fir de Commerce an et gëtt eng Ausbildung an der Dactylografie.
D’Privatschoul Marie Consolatrice féiert paramedezinesch Klassen an ewéi och de Cycle supérieur vun de Commerceklassen.
D’Privatschoul Marie Consolatrice gouf 1888 vun de Schwëstere vun der Kongregatioun Sainte Elisabeth gegrënnt. Deemools war et déi éischt Schoul fir Meedercher am Land. 1988 konnt d’Schoul de Centenaire a Presenz vun der zukünfteger Groussherzogin Maria Teresa Mestre feieren.
D’Biologies- a Chimiessäll gi renovéiert an en neie Physikssall gëtt ageweit.