Munneref

École internationale de Mondorf-les-Bains (EIMLB)

École internationale de Mondorf-les-Bains (EIMLB)
Logo vun der Schoul - Source: EIMLB

2018: Aweiung vun der École internationale de Mondorf-les-Bains

Déi nei international Schoul zu Munneref (EIMBL – École internationale de Mondorf-les-Bains) huet de 15. September 2018 hir Dieren a Presenz vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend Claude Meisch, dem Buergermeeschter vu Munneref Lex Delles an dem Direkter vun der Schoul Camille Weyrich souwéi de Schüler a Schülerinnen an hiren Elteren opgemaach. Mat dëser neier Schoul wëll de Ministère seng Beméiunge fir d’Diversifizéierung vun der ëffentlecher schoulescher Offer weiderféieren. D’EIMLB am Südoste vum Land füügt sech an déi ëffentlech europäesch Bildungsoffer an, déi scho vun den internationale Schoulen zu Déifferdeng an Esch-Uelzecht ugebuede gëtt a vun 2018 Joer un och am Lënster Lycée zu Jonglënster an dem neie Lycée Edward Steichen zu Clierf.

De Claude Meisch, Minister fir Educatioun, d’Kanner a Jugend, de Lex Delles, Buergermeeschter vu Mondorf-les-Bains an de Camille Weyrich, Direkter vun der EIMLB bei der Aweiung vun der Schoul – Source: MENEJ

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend Claude Meisch, iwwert d'École internationale de Mondorf-les-Bains (Interview vum SCRIPT).