Lëtzebuerg
Mat der Ëmsetzung vum Vertrag, deen d’Communauté européenne du charbon et de l’acier schaaft, gëtt och eng Europaschoul fir deene Leit hir Kanner, déi bei der CECA schaffen, gegrënnt. Déi éischt Klasse ginn nach am selwechte Joer an engem Gebai an der Avenue Pasteur empfaangen.
Zu dëser éischter Europaschoul zu Lëtzebuerg kënnt et op Initiativ vun engem Grupp vu Fonctionnairë vun der Haute Autorité de la Communauté européenne du charbon et de l’acier, dee vun den Institutioune vun der Gemeinschaft an der lëtzebuergescher Regierung ënnerstëtzt gëtt.