Wuermer Schuttrange
D’Gesetz vum 12. Juli 1991 iwwer d’Organisatioun vun de Centres socio-éducatifs de l’État redefinéiert d’Aufgabe vun den Institutioune fir stroffälleg Jongen a Meedercher zu Dräibuer resp. Schraasseg. Si kréien ënner anerem „une mission de formation scolaire et professionnelle consistant à faire fonctionner, selon les besoins, soit des classes d’enseignement primaire, d’enseignement secondaire, d’enseignement secondaire technique et de formation professionnelle, soit des cours de formation générale“ (Art. 1).
De sozialpedagogeschen Zenter vum Staat (CSEE – Centre socio-éducatif de l’Etat) soll aus siwe verschiddenen Unitéite bestoen a säi Fonctionnement mat de Joren ëmmer erëm ugepasst ginn. Am Moment gehéieren déi heiten Unitéiten zum Zenter:
d’sozialpedagogesch Internater zu Dräibuer an zu Schraasseg
d’Sécherheetsunitéit zu Dräibuer
betreit extern Unitéiten
de psychosozialen Déngscht
d’sozialpedagogescht Bildungsinstitut
d’sozialpedagogesch Ausbildungsunitéit
de Service fir déi administrativ Gestioun, den technesche Service an de Service fir d’Hauswirtschaft
„Le CSEE est une structure de l’aide à l’enfance et de la protection de la jeunesse, qui accueille des mineurs placés par les autorités judiciaires en vertu de la loi sur la protection de la jeunesse de 1992. Il exerce actuellement l’autorité parentale sur 118 mineurs, dont 78 sont accueillis sur ses sites.“1 Zitat „L’Unité de sécurité du Centre socio-éducatif de l’État accueille des mineurs depuis le 1er novembre“, Link: https://men.public.lu/de/aide-assistance/aide-enfance/csee.html