Iwwert Jore sichen
De Vendelin Jurion (1806–1892) gëtt Administrateur général vum Interieur
1848
Artikel Tags administrateur général biographie
De Vendelin Jurion kënnt de 4. Juni 1806 zu Bitburg op d’Welt, dat deemools zum Département des Forêts vum Napoleon sengem Keeserräich gehéiert. E gëtt Affekot zu Dikrech, spéider an der Stad a Buergermeeschter vun Dikrech (1835–1843). Wärend sengem Mandat kritt Dikrech e Progymnase. 1843 gëtt de Jurion zum Sekretär an der Regence ernannt an 1848 an d’Assemblée constituante vum Grand-Duché gewielt. An de Regierunge Gaspard de la Fontaine (1848) a Charles Mathias Simons (1853–1856) ass hien Administrateur général vum Interieur. Vun 1857 u bis zu sengem Doud ass de Vendelin Jurion Member vum Staatsrot.