Iwwert Jore sichen Iwwert Tags sichen

Iwwert Jore sichen

Portrait vum Robert Ernest Krieps - Source: (NP0973) (Copyright Union Européenne)

De Robert Krieps (1922–1990) gëtt Educatiounsminister

1974

Artikel Tags biographie ministre

De Robert Krieps kënnt de 16. Oktober 1922 zu Duelem als Jong vum sozialisteschen Deputéierten Adolphe Krieps op d’Welt a gëtt schonn als Lycéesschüler Opfer vun den Nazien. E verbréngt eng Rei Joren a Prisongen a Konzentratiounslageren. Nom Krich mécht de Robert Krieps säi Studium als Affekot fäerdeg a bleift déi ganz Zäit politesch an der LSAP engagéiert. 1964 gëtt en eng éischt Kéier an d’Chamber gewielt. Vun 1974 bis 1989 gëtt en all Joer erëmgewielt, vun 1974 bis 1979 ass e Minister fir Bildung a Justiz an der DP-LSAP-Regierung a féiert eng Reform vum Enseignement technique et professionnel duerch a setzt sech fir d’pedagogesch Fuerschung an. Vun 1984 bis 1989 ass e Minister fir Ëmwelt a Kultur an der CSV/LSAP-Regierung.