Iwwert Jore sichen
4 min
De Reliouns- a Morals-Unterricht gëtt duerch e Wäerteunterricht ersat
2013
Ee vun den Haaptprojete vun der éischter Regierung DP/LSAD/déi gréng vun 2013 ass d’Redefinitioun vun der Relatioun tëschent der Regierung an de Reliounsgemeinschaften. Dozou gehéiert och d’Aféierung vun engem neien, neutralen an harmoniséierte Wäerteunterricht an der Grondschoul an am Secondaire.
No de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 ergräift d’Regierung d’Initiativ a féiert en eenheetlechen an harmoniséierte Wäerteunterricht mam Titel „Vie et Société“ an. Am Regierungsprogramm heescht et, „l’enseignement religieux et l’éducation respectivement la formation morale actuellement en vigueur seront remplacés par une éducation aux valeurs aussi bien dans l’école fondamentale que dans les lycées. Les objectifs de cette éducation sont notamment de présenter de manière objective les grands courants religieux et philosophiques et d’éduquer les élèves aux valeurs qui fondent notre vivre ensemble“. Well déi ëffentlech Schoulen zur Neutralitéit verflicht sinn, wat d’Relioun betrëfft, gëtt dësen eenheetleche Cours ageféiert, deen et de Schüler erméiglecht, déi verschidde Weltanschauungen a reliéis Stréimunge kennen ze léieren. Mam Cours „Vie et Société“ gëtt et elo keng Trennung méi vun de Schüler, well se sech net méi tëscht dem konfessionelle kathoulesche Reliounsunterricht an deem 1968 ageféierte Fach „Morale laïque“ entscheede mussen.
Et ass d’Resultat vun enger joerzéngtelaanger Debatt. Dobäi war de Wäerteunterricht schonn am „Neie Lycée“, deen 2005 gegrënnt gouf, als eenzege Cours virgesinn an hat grousse Succès.
De 26. Januar 2015 gëtt en Ofkommes a Form vu Konventiounen tëschent dem Staat an deene verschiddene Reliounsgemeinschaften zu Lëtzebuerg (kathoulesch Kierch, jiddesch Gemeinschaft, protestantesch Kierch, muslimesch Gemeinschaft, anglikanesch Kierch an orthodox Kierch) ënnerschriwwen, dat déi administrativ a finanziell Relatiounen tëscht dem Staat an de verschiddene Parteie soll reegelen. An dësem Ofkommes gëtt och de gemeinsame Wäerteunterricht an der Grondschoul festgehalen.
Nodeems d’Aarbecht un den Inhalter vun de „VieSo“-Coursë fir de Fondamental an de Secondaire ofgeschloss an déi zukünfteg Aufgabe vun den Enseignantë fir de kathoulesche Reliounsunterricht definéiert sinn, ginn d’Gesetzestexter ausgeschafft. D’Resultat sinn zwee Gesetzer: dat vum vum 24. August 2016 iwwer d’Aféierung vum gemeinsame Cours „Vie et Société“ am Secondaire classique an technique, mat den d’Ännerungen 1) um geännerte Gesetz vum 10. Mee 1968 iwwer d’Bildungsreform (Titel VI: de l’enseignement secondaire), 2) um geännerte Gesetz vum 4. September 1990 iwwer d’Reform vum Enseignement secondaire technique et de la formation professionnelle continue, 3) um geännerte Gesetz vum 25. Juli 2005 iwwer d’Schafung vun engem Pilotlycée, an d‘Gesetz vum 2. August 2017 iwwer d’Aféierung vum gemeinsame Cours „Vie et Société“ an der Grondschoul mat den Ännerungen 1. vum geännerte Gesetz vum 6. Februar 2009 iwwer d’Organisatioun vum Fondamental; 2. vum geännerte Gesetz vum 6. Februar 2009 iwwer d’Léierpersonal an der Grondschoul; 3. vum Gesetz vum 6. Februar 2009 iwwer d‘Schoulflicht.
An der Praxis steet de VieSo-Cours am Secondaire fir d’Schouljoer 2016/2017 fir d’éischt um Programm a fir de Fondamental fir d’Schouljoer 2017/2018.
Extrait aus dem Regierungsprogramm 2013
L’enseignement religieux et l’éducation respectivement la formation morale actuellement en vigueur seront remplacés par une éducation aux valeurs aussi bien dans l’école fondamentale que dans les lycées. Les objectifs de cette éducation sont notamment de présenter de manière objective les grands courants religieux et philosophiques et d’éduquer les élèves aux valeurs qui fondent notre vivre ensemble. Un dispositif de réorientation professionnel sera mis en place afin de préparer les titulaires de l’enseignement religieux à l’exercice d’un nouvel emploi. La mise en œuvre de cette mesure sera élaborée en étroite concertation avec toutes les parties concernées.1https://gouvernement.lu/dam-assets/fr/dossiers/gouv-2013/assermentation/programme-gouvernemental.pdf?msclkid=7814083ca5f211ec85630bf868acc56c
Dokumenter
Ofkommes vun der Regierung mat de Reliounsgemeinschaften zu Lëtzebuerg
Konventioun tëschent dem Staat an de Reliounsgemeinschaften zu Lëtzebuerg
Avis vum Conseil des Cultes conventionnés iwwer de Programm vum Cours „Vie et Société“
Extrait aus der Emissioun RTL, Journal vum 23. Mäerz 2015 iwwert den neie Wäerteunterricht, dee fir d'Rentrée 2016 virgesinn ass © RTL Télé Lëtzebuerg
Parlamentareschen Dossier Nr. 6967 – Archive vun der Chamber
Filmextrait Nr. 6967 - Projet de loi portant introduction du cours commun "vie et société" dans l'enseignement secondaire et secondaire technique et modifiant [...] - Archives de la Chambre des députés du Grand-Duché de Luxembourg
Rapport de la Commission de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse
Rapporteur: Delles Lex
Discussion générale
Interventions de Zeimet Laurent (CSV), Lamberty Claude (DP), Engel Georges (LSAP), Adam Claude (déi gréng), Kartheiser Fernand (ADR), Wagner David (déi Lénk), Bodry Alex (LSAP)
Prise de position du Gouvernement
Intervenant: Meisch Claude, Ministre du Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse
Vote et dispense du second vote
Parlamentareschen Dossier Nr. 7010 – Archive vun der Chamber
Filmextrait Nr. 7010 - Projet de loi portant introduction du cours commun « vie et société » dans l'enseignement fondamental et modifiant [...] - Archives de la Chambre des députés du Grand-Duché de Luxembourg
Rapport de la Commission de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse
Rapporteur: Delles Lex
Discussion générale
Interventions de Zeimet Laurent (CSV), Lamberty Claude (DP), Engel Georges (LSAP), Adam Claude (déi gréng), Kartheiser Fernand (ADR), Wagner David (déi Lénk)
Prise de position du Gouvernement
Intervenant: Meisch Claude, Ministre du Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, Zeimet Laurent (CSV)
Vote et dispense du second vote