Iwwert Jore sichen Iwwert Tags sichen

Iwwert Jore sichen

Portrait vum Pierre Grégoire - Source: Inconnue

De Pierre Grégoire (1907–1991) gëtt Minister fir Educatioun a Kultur

1964

Artikel Tags biographie ministre

De Pierre Grégoire gëtt den 9. November 1907 zu Viichten gebuer a fänkt seng berufflech Karriär als Postbeamten un. De produktiven Auteur kritt 1933 eng Plaz als Redakter beim „Luxemburger Wort“, wou e kuerz virun der däitscher Invasioun Direkter gëtt. 1940 gëtt e vun der Gestapo verhaft an iwwerlieft d’KZer Mauthausen a Sachsenhausen. Nom Krich geet e bei d’„Luxemburger Wort“ zeréck, wou en ënner anerem d’Bäilag „Warte-Perspectives“ aféiert. Parallel dozou ass e politesch aktiv. 1946 kënnt en als CSV-Deputéierten an d’Chamber, 1959 gëtt en Inneminister, Transportminister a Minister fir Konscht a Kultur. Vun 1964 bis 1967 ass e Minister fir Educatioun a Kultur, Minister fir d’Fonction publique a vun 1967 bis 1969 Ausseminister, Arméiminister, Minister fir Kultur a Kultus. De Pierre Grégoire steet am Zentrum vun der Debatt iwwer d’Schoulreform an den 1960er-Joren an ass virun allem um Gesetz fir d’Schafung vun de Mëttelschoulen 1965 bedeelegt.