Iwwert Jore sichen Iwwert Tags sichen

Iwwert Jore sichen

Portrait vum Pierre Frieden - Source: SIP -(DL_105255)

De Pierre Frieden (1892–1959) gëtt Minister fir ëffentlech Bildung

1944

Artikel Tags biographie ministre

De Pierre Frieden gëtt den 28. Oktober 1892 zu Mäertert gebuer. E studéiert Philosophie a Literatur zu Lëtzebuerg an zu Freiburg, Zürich, Genf a München. Als Proff a spéideren Direkter vun der Nationalbibliothéik kënnt de Pierre Frieden am Zweete Weltkrich ënner dem nationalsozialistesche Besatzer an de Prisong a gëtt duerno ënner Hausarrest gestallt. No der Befreiung kënnt de Pierre Frieden (CSV) an d’Regierung. Säi wichtegste Ressort ass d’Bildungswiesen. Vun 1944 bis 1945 an nach eemol vun 1948 bis zu sengem onerwaarten Doud den 23. Februar 1959 ass e Minister. Am Mäerz 1958 gëtt en zousätzlech Premier. De Pierre Frieden bréngt d’Bildungsreformen an den 1950er-Jore virun, andeems en eng nei Ausbildung fir d’Léierpersonal aféiert an en Institut d’enseignement technique grënnt.