Iwwert Jore sichen
De Pierre Braun (1872–1956) gëtt Generaldirekter fir den Interieur
1910
Artikel Tags biographie directeur général
De lëtzebuergesche Jurist a Politiker kënnt de 5. Januar 1872 zu Giewel op d’Welt. Am Januar 1910 gëtt en zum Generaldirekter fir den Interieur an der Regierung Paul Eyschen ernannt. Eng vu sengen Zoustännegkeeten ass d’Bildungswiesen. De Pierre Braun reecht 1912 eng Gesetzesvirlag fir d’Aféierung vum gratis Primärunterricht an, deen op siwe Joer verlängert gëtt. Ausserdeem mussen d’Léierkräfte kee Certificat méi iwwer hire sittleche Liewenswandel virleeën, deen ëmmer de Paschtouer ausgestallt huet, a si musse kee Reliounsunterricht méi halen. De Pierre Braun steet am Mëttelpunkt vum Kampf ëm dës Bildungsreformen tëscht dem Lénksblock an dem klerikale Rietsblock an der Chamber. 1915 verléisst de Pierre Braun d’Regierung a gëtt Member vum Staatsrot, e Mandat, dat e bis 1945 behält.