Iwwert Jore sichen
3 min
Organisatioun vum Primärschoulunterricht: d’Gesetz vun 1912 gëtt iwwerschafft
2009
Artikel Tags réforme
D’Roll vun der Primärschoulbildung huet sech zënter dem Gesetz vun 1912 staark verännert. Dat soziodemografescht a rechtlecht Ëmfeld ass vill méi komplex ginn an esou kënnt et zu enger ëmfaassender Reform, déi 2009 zur Schafung vun der Grondschoul féiert.
D’Resultater vun den éischte Studie vum „Programme international de l’OCDE pour le suivi des acquis des élèves“ (PISA) fir Lëtzebuerg hunn op eng Rei vun Defiziter am Schoulsystem higewisen. Op politeschem Plang ass ee sech séier eens, datt de Bildungssystem grëndlech muss reforméiert ginn. Virun allem muss d’schoulescht Versoe bekämpft ginn, andeems een déi materiell a personell Ressourcen de Besoinë besser upasst, d’Qualitéit vum System verbessert a fir eng besser Kontroll vun der Qualitéit vum Enseignement suergt.
An deem Sënn leet d’Educatiounsministerin Anne Brasseur de 15. Oktober 2003 dann och de Gesetzestext 5223 zum Basisgesetz iwwer d’Schoul an de Gesetzestext 5224 iwwer d’Organisatioun vum der Éducation préscolaire an dem Enseignement primaire vir. Béid Texter ginn awer de 5. Juli 2005 zeréckgezunn an d’Reformprojete ginn nach eemol iwwerschafft.
No engem breet ugeluechte Konsultatiounsprozess kënnt et zu dräi Reformtexter, déi d’Gesetz vun 1912 ersetzen. Een dervu bezitt sech speziell op d’Léierpersonal an der Grondschoul (Projet de loi 5760). No der Reform vun 2009 besteet d’Grondschoul aus néng Schouljoren, déi a véier Zyklen opgedeelt sinn. Den éischten Zyklus besteet aus engem Joer Précoce, dee fakultativ ass, an zwee Joer Éducation préscolaire, déi obligatoresch sinn. Den zweeten, drëtten a véierten Zyklus bilden de Primärunterricht. All Léierzyklus huet eng Dauer vun zwee Joer.
D’Reform zeechent sech virun allem duerch eng Kompetenzapproche aus, déi de Fokus op d’Fäegkeet vum Schüler leet, dat, wat en an der Schoul geléiert huet, och konkreet unzewennen, an zwar an neien a komplexen Aufgaben a Situatiounen, souwuel an ewéi och baussent der Schoul. Dës kompetenzbaséiert Approche ass verknëppt mat der Iddi vu Kompetenzsockelen, déi zu bestëmmten Zäitpunkte vum schoulesche Parcours sollen erreecht ginn. D’Kompetenzsockele faassen déi Kenntnesser a Kompetenzen zesummen, déi néideg sinn, fir datt de Schüler an déi nächst Etapp vu sengem Parcours ka wiesselen. Et ass fir d’éischt Kéier, datt déi lëtzebuergesch Schoul esou prezis formuléiert, wat vun de Schüler zu de verschiddenen Zäitpunkte vun hirem schoulesche Parcours erwaart gëtt.
Vun elo u bilden an all Schoul d’Léierpersounen an d’Erzéier, déi fir d’Klasse vun deem selwechten Zyklus zoustänneg sinn, eng pedagogesch Ekipp. Ausserdeem huet all Schoul e „Plan de réussite scolaire“, an deem d’pedagogesch Ekippen d’Ziler an d’Modalitéiten definéieren, déi sécherstelle sollen, datt méiglechst vill Schüler d’Kompetenzsockelen och erreechen.
Dokumenter
Parlamentareschen Dossier Nr. 5759 – Archive vun der Chamber
Videoextrait: Nr 5759 - Projet de loi portant organisation de l'enseignement fondamental. Archive vun der Chamber
Rapport de la Commission de l’Education nationale et de la Formation professionnelle
Rapporteur: Scheuer Jos
Discussion générale
Interventions de Hetto-Gaasch Françoise (CSV), Berger Eugène (DP), Fayot Ben (LSAP), Adam Claude (déi gréng), Mehlen Robert (ADR), Gantenbein-Koullen Marie-Thérèse (CSV)
Prise de position du Gouvernement
Intervenant: Delvaux-Stehres Mady, Ministre de l’Education nationale et de la Formation professionnelle