Iwwert Jore sichen Iwwert Tags sichen

Iwwert Jore sichen

Nikolas Welter - Source: Fotograféiert vum Dokter Praum, Lëtzebuerg (domaine public)

Den Nicolas Welter (1871–1951) gëtt Generaldirekter vum ëffentleche Bildungswiesen

1920

Artikel Tags biographie directeur général

Den Nicolas Welter kënnt den 2. Januar 1871 zu Miersch op d’Welt. E studéiert Däitsch, Franséisch a Philosophie zu Lëtzebuerg, Léiwen a Paräis a gëtt Proff am Dikrecher Lycée (1895–1906) an duerno am Stater Athenäum (1906–1918). Politesch ass en onofhängeg, acceptéiert awer d’Mandat als Generaldirekter vum ëffentleche Bildungswiesen am September 1918. Den Nicolas Welter verléisst d’Regierung – an d’Politik – am Abrëll 1921 a geet als Generalinspekter fir de Primär vun 1922 bis 1936 an den Enseignement zeréck. De produktiven Auteur hannerléisst en enormt literarescht Wierk, dat zum gréissten Deel aus Theaterstécker a Gedichter besteet.