Iwwert Jore sichen Iwwert Tags sichen

Iwwert Jore sichen

Nicolas Margue - Source: Fotographie aus dem Luxemburger Wort vum 30. Januar 1959

Den Nicolas Margue (1888–1976) gëtt Minister fir ëffentlech Bildung (Landwirtschaft, Kultus, Handel, Industrie an Handwierk)

1937

Artikel Tags biographie ministre

Den Nicolas Margue kënnt den 2. Januar 1888 zu Féngeg op d’Welt. Nieft senger Aarbecht als Geschichtsproff am Athenäum verfollegt en eng politesch Karriär an der Rietspartei. Vun 1937 bis 1940 ass e Minister fir ëffentlech Bildung, Landwirtschaft a Kultus, awer och fir Handel, Industrie an Handwierk. Vun den Nazi-Besatzer gëtt e verhaft a mat senger Famill a Schlesien ëmgesidelt. No der Befreiung ass den Nicolas Margue vun 1945 bis 1948 op en Neits an der Regierung, mat deene selwechte Ressorte wéi virdrun. Den CSV-Politiker ass vun 1952 bis 1959 Member vun der Assemblée commune vun der CECA (Communauté Européenne du Charbon et de l’Acier), vun 1959 bis 1970 du Member vum Staatsrot.