Iwwert Jore sichen
De Mathias Mongenast (1843–1926) gëtt Generaldirekter fir Finanzen
1881
Artikel Tags biographie directeur général
De Mathias Mongenast kënnt den 12. Juli 1843 zu Dikrech op d’Welt. E léisst sech zum Affekot ausbilden a geet dann an d’Politik. 1882 gëtt e Generaldirekter fir Finanzen an der Regierung Blochausen a bleift dat an de Regierungen Thilges an Eyschen bis 1915. Zu senge Ressorte gehéiert och den Enseignement supérieur a moyen. Ënnert dem Mongenast kënnt et 1884 zu enger Reform vum Enseignement moyen, déi 1892 zu engem Gesetz féiert, dat d’Industrieschoul vum Athenäum trennt. Nom onerwaarten Doud vum Paul Eyschen 1915 gëtt de Mathias Mongenast un d’Spëtzt vun der Regierung katapultéiert. E Mëssverständnis tëschent him an der Groussherzogin Marie-Adelaïde iwwer e Kandidat fir den Direkteschposte vun der Normalschoul féiert zum Récktrëtt vu senger Regierung. De Mathias Mongenast bleift bis 1926 Member am Staatsrot.