Iwwert Jore sichen
De Mathias Manternach (1805–1843) gëtt Ieweschte Conseiller fir d’Schoulen
1840
Artikel Tags biographie
De Mathias Manternach gëtt den 1. August 1805 an der Fiels gebuer. Nom Athenäum geet en op de Séminaire épiscopal zu Namur. 1828 gëtt e geweit a kënnt als Kaploun an d’Par St. Pierre an der Stad. Well e sech staark fir d’Bildungswiesen interesséiert a sech virun allem fir den Zougang zur Bildung fir déi Aarm asetzt, gëtt e Member vun der Schoulkommissioun an der Stad. Als Seelsorger a Reliounsproff am Stater Athenäum gëtt en 1840 zum Ieweschte Conseiller fir d’Schoulen ernannt.