Iwwert Jore sichen Iwwert Tags sichen

Iwwert Jore sichen

Portrait vum Marc Hansen - Source : SIP, Yves Kortum - (DL_256476)

De Marc Hansen (geb. 1971) gëtt Staatssekretär fir Bildung, Kanner a Jugend, Staatssekretär fir Héichschoulbildung a Fuerschung

2014

Artikel Tags biographie secrétaire d'État

De Marc Hansen kënnt den 10. Abrëll 1971 an der Stad op d’Welt. E schafft d’éischt beim „Den Neie Radio“ (DNR) a vun 1995 bis 2009 fir RTL Radio Télé Lëtzebuerg. Parallel dozou engagéiert e sech an der Politik an ass vun 2011 bis 2014 Administrateur délégué vun der Dageszeitung „Lëtzebuerger Journal“. 2005 gëtt en an den Useldenger Gemengerot gewielt an ass do bis 2014 Schäffen. Bei de Chamberwalen 2013 steet en op der DP-Lëscht fir den Norden, rëtscht an d’Chamber no a gëtt am Mäerz 2014 nom Récktrëtt vum André Bauler Staatssekretär fir Bildung, Kanner a Jugend a Staatssekretär fir Héichschoulbildung a Fuerschung. De 27. Mäerz 2015 gëtt en och zum Staatssekretär fir Wunnengsbau, méi spéit zum Minister fir Wunnengsbau an delegéierte Minister fir Héichschoulbildung a Fuerschung ernannt, nodeems d’Maggy Nagel sech aus der Regierung zeréckgezunn huet. Tëscht 2018-2023 ass de Marc Hansen Minister fir d’Fonction publique an d’Relatioune mam Parlament. Des Weideren ass hien delegéierte Minister fir d’Digitaliséierung an delegéierte Minister fir d’Verwaltungsreform.