Iwwert Jore sichen Iwwert Tags sichen

Iwwert Jore sichen

Madeleine Frieden-Kinnen - Source: SIP - (DL_240425)

D’Madeleine Frieden-Kinnen (1915–1999) gëtt Staatssekretärin fir Famill, Jugend, Bevëlkerung, sozial Solidaritéit an national Bildung

1967

Artikel Tags biographie secrétaire d'État

D’Madeleine Kinnen, déi spéider Fra vum Pierre Frieden, gëtt de 4. Oktober 1915 zu Esch-Uelzecht gebuer an ass déi éischt Fra an enger Lëtzebuerger Regierung. Am Januar 1967 gëtt d’CSV-Politikerin Staatssekretärin fir Famill, Jugend, Bevëlkerung, sozial Solidaritéit an national Bildung. 1969 gëtt se vun der CSV/DP-Regierung zur Ministerin ernannt, trëtt allerdéngs 1972 no der „Buergfrid“-Affär ëm en angeeblecht amoralescht Verhalen zeréck. D’Madeleine Frieden-Kinnen leet eng Rei Bildungs- an Héichschoulreformen an, an enger wéinst de Studentebeweegunge vun 1968 onroueger Zäit.