Iwwert Jore sichen

5 min
D’Schoulgesetz vun 1912 markéiert d’Bildungswiesen en halleft Joerhonnert laang
1912
Artikel Tags réforme
Déi grouss Schoulreform vun 1912 ass de Grondsteen fir de Primär a méi wéi en halleft Joerhonnert hire gesetzleche Kader.
D’Schoulgesetz vun 1912, och nach „Loi Braun“ genannt – nom Generaldirektor vum Interieur, dee fir den Unterricht an de Primärschoulen an d’Schoulen zoustänneg ass – kënnt ë. a. zustan, well een den Enseignement un eng Gesellschaft wëllt upassen, déi sech permanent verännert. D’Gesetz präägt de Primär iwwer Joerzéngten.
1912, als Folleg vum industriellen Opschwong, ass Lëtzebuerg matzen an engem wirtschaftlechen a soziale Wandel. D’Diskussiounen iwwer eng Reform vum Primär gi vu wirtschaftlechen Iwwerleeunge beaflosst, an deene besonnesch den internationale wirtschaftleche Wettbewerb an déi vill auslännesch Employéen op héije Positiounen an der Industrie eng Roll spillen.
Dës Iwwerleeungen, zesumme mat den Diskussiounen iwwer en zukünftegt allgemengt Walrecht, zwéngen d’Politiker, eppes ze ënnerhuelen, datt sech de Bildungsniveau vun de Lëtzebuerger verbessert.
D’Schoulflicht gëtt vu sechs op siwe Joer eropgesat (Art. 1). Obschonns et an der Praxis schonn esou gehandhaabt gëtt, gëtt elo fir d’éischte Kéier an engem Gesetz festgehalen, datt de Primär gratis ass (Art. 77–81). Jiddwer Schüler, deen no der Primärschoul net an eng Secondairesschoul oder eng aner Schoul vum Enseignement supérieur geet, muss nach zwee Joer a postscolaire Coursë goen. Dës Coursen orientéiere sech no de „besoins pratiques de la vie, tout en complétant l’instruction générale reçue à l’école primaire“ (Art. 54).
D’Upassungen um Niveau vum Léierplang ginn ee gutt Bild vun der Entwécklung vun der Gesellschaft:
Déi zukünfteg Employéen am Stolsektor zu Lëtzebuerg solle vun elo un „un enseignement primaire très solide, qui doit former la base de leur enseignement ultérieur“ opweises hunn.1Gesetz vum 10. August 1912 iwwer de Primär. Dokumenter a parlamentaresch Diskussiounen, Recueil spécial de la Chambre des députés, Luxembourg, S. 381–382 Et ass also net verwonnerlech, datt d’Physik an d’Naturwëssenschaften als Unterrichtsfächer ëmmer méi wichteg ginn (bis zu deem Zäitpunkt stounge Geografie a Moossen a Gewiichter um Léierplang) (Art. 23). Eng weider Neierung ass d’Aféierung vum Lëtzebuergeschen als Unterrichtsfach, wat ënner anerem mam Wonsch begrënnt gëtt, „de réveiller chez nous le sentiment national et de faire connaître les œuvres des poètes nationaux.“2Ibidem, S. 426..
D’Gesetz befaasst sech och mat den Aarbechtsbedingunge vum Léierpersonal an de Schüler. Sou kënne Klasse vu méi wéi 70 Schüler gedeelt ginn, wann d’Regierung dat verlaangt. D’Schouldoktere ginn duerch d’Gesetz am Enseignement primaire / an der Primärschoul ageféiert (Art. 98) an all Kand muss noweisen, datt et geimpft ass oder d’Pouken hat (Art. 18).
Ofgesi vun e puer Upassunge gëtt d’Hierarchiséierung vun de Léierkräfte bäibehalen (Art. 30). Vun elo un hu si d’Recht, Member vun der Schoulkommissioun ze ginn (Art. 68). Déi weider Bestëmmunge betreffe virun allem den Afloss vun der Kierch op de Primär: De Certificat iwwer déi biergerlech a reliéis Sittlechkeet gëtt ofgeschaaft. De Reliounsunterricht gëtt ausschliisslech vun engem Paschtouer oder engem vun him designéierten anere Geeschtleche gehalen (Art. 26).
Tatsaach ass, datt et am Virfeld vum Gesetz zu laangen Debatten tëscht de Liberalen, de Sozialdemokraten an de Katholicken iwwer d’Roll an den Afloss vun der Kierch an der Schoul kënnt. D’Diskussioune ginn esouwuel an der Chamber wéi och am ëffentleche Raum an an der Press geféiert. Et hu sech och aner Acteure wéi d’Fédération Générale des Instituteurs Luxembourgeois (FGIL) dru bedeelegt.
D’Gesetz, dat vum lénkse Block – der Walallianz tëscht de Liberalen an de Sozialdemokraten, déi vun 1908 bis 1915 d’Majoritéit an der Chamber huet – a géint déi kathoulesch Oppositioun gestëmmt gëtt, ass um Enn e Kompromëss, mat deem, esou de Régis Moes, d’Katholicken an déi Antiklerikal net zu 100 % zefridde kënne sinn. 1921 gëtt d’Roll vun der Kierch am Primär duerch gesetzlech Ännerungen nach eemol ugepasst.3Régis Moes, „Die Schulreform von 1912“, an: Forum 325 (Januar 2013), S. 35–38, hei S. 38.
Karikatur „In der Vorprüfung“
Um Bild ass de Bëschof Koppes als Schoulmeeschter ze gesinn, deen d’Schoulgesetz opfreet. Säi Verband spillt op eng Geriichtsverhandlung un, déi de Bëschof wéinst Zännwéi verpasst huet. De Monseigneur ass nämlech strikt géint dat neit Schoulgesetz an hënnert de Klerus drun, an de Schoulkommissioune matzeschaffen an de Reliounsunterricht an de Schoulen ofzehalen. Eréischt 1921 gëtt e Kompromëss fonnt.

Bëschof Jean-Joseph Koppes, Fastenhirtenbrief für das Jahr 1912
Geliebte Diözesanen, ihr seid Zeuge, wie auch in unserm Lande die Freimaurer, Freidenker und Genossen an der Wühlarbeit sind, um die Geister zu täuschen und der Einführung der konfessionslosen, neutralen Schule die Wege zu bereiten. Ihr höret und sehet, wie sie in Wort und Schrift das Menschenmögliche leisten, um ihren heidnisch freimaurerischen Ideen und Grundsätzen Eingang zu verschaffen. Sie werden nicht müde, euch begreiflich zu machen, daß der Staat alleiniger Herr auf dem Schulgebiete sei und daß werder die Eltern noch die Kirche Rechte zu beanspruchen hätten. Somit führen sie getreu die Vorschrift der Freimaurer aus, daß man die Lehre von den Rechten der Eltern betreffs der Erziehung ihrer Kinder als Torheit erklären und abweisen müsse. Gebet wohl acht, geliebte Eltern, wie man euch jetzt in eurem größten Recht, in eurem höchsten und teuersten Gutem in der Erziehung eurer Kinder bevormunden und bestimmen will, in welchem Geiste sie erzogen werden sollen ; mit demselben Rechte kann man auch eines Tages euch auf dem viel tiefer stehenden Gebiet des zeitlichen Vermögens bevormunden und über euer Einkommen und eueren Vermögensbesitz unabhängig von euch verfügen. 4Evêque Jean-Joseph Koppes, Fastenhirtenbrief für das Jahr 1912, an: Kirchlicher Anzeiger für die Diözese Luxemburg, 23. Januar 1912, S. 8.