Iwwert Jore sichen Iwwert Tags sichen

Iwwert Jore sichen

Fotographie vun enger Spillschoul aus der BRD vu September 1963  - Source: Bundesarchiv Bild 183-B0913-0011-001, Kauern, Blick in den Kindergarten.jpg via wikimedia Commons (domaine public)

2 min

Gesetz vum 5. August 1963 iwwer d’Reform vum Prescolaire an dem Primär

1963

Artikel Tags réforme

Op Initiativ vum Minister Pierre Frieden gëtt schonn 1958 eng ëmfaassend Reform vum lëtzebuergesche Bildungswiesen an d’A gefaasst. No laangen Diskussioune ginn de Prescolaire an de Primär am August 1963 reforméiert.

Um Niveau vum Prescolaire entstinn d’Spillschoulen, déi déi fréier „Ecoles gardiennes“ ersetzen. D’Gemenge si verflicht, eng Spillschoul opzemaachen, soubal d’Schülerzuelen héich genuch sinn (Art. 2).

D’Schoulflicht gëtt op néng Joer verlängert (Art. 3).

Um Niveau vun der Primärschoul gëtt et elo speziell Klasse fir Kanner „dans l’impossibilité permanente ou temporaire, de suivre avec succès l’enseignement ordinaire“ (Art. 4). No der klassescher Primärschoul kann nach en Zyklus vun dräi Joer dobäikommen a Form vu complementairë Coursen, mat engem Léierplang, op deem fir Jongen zousätzlech zu den allgemenge Fächer „les éléments d’activités manuelles, propres à éveiller leur goût pour différents métiers“ stinn, a fir Meedercher „un complément d’enseignement ménager, les préparant spécialement à leur mission au sein de la famille et du foyer“ (Art. 9–14). De complementairen Unterricht ass domat eng Alternativ zum Enseignement secondaire, deen et scho gëtt.

Déi complementaire Klasse vum Schouljoer 1963/64

Intern Nott aus dem Educatiounsministère vum 7. Mee 1965 mat enger Lëscht vun de complementaire Klasse vum Schouljoer 1963/64 - Archives: ANLux MEN-1185

Extrait aus dem Exposé des motifs

L’enseignement n’a jamais été à l’abri des critiques. De tout temps, même aux époques en apparence tranquilles, il s’est trouvé des esprits qui impatiemment et violemment ont attaqué le système scolaire en vigueur. Leurs doléances, d’ailleurs, étaient souvent justifiées. Le temps qui use toutes les institutions ne saurait épargner l’école. Repliée sur elle-même, en retard sur les temps présents et en marge de la société qui ne cesse de se transformer, l’école risque souvent de faillir à sa mission qui est de préparer les élèves à la vie.1Zitat aus dem Exposé des motifs vum Projet de loi portant réforme de l’éducation préscolaire et de l’enseignement primaire (doc. N° 920 vun der Chambre des députés, session ordinaire de 1961-1962, S. 1)

Dokumenter

Reformkriteschen Artikel am Lëtzebuerger Land vum 12. Juli 1963 (S. 1–2).