Iwwert Jore sichen Iwwert Tags sichen

Iwwert Jore sichen

Albert Anker (1831–1910), D'Duerfschoul vun 1848 (1896), 104 × 175.5 cm, Kunstmuseum Basel, Schwäiz

5 min

Gesetz vum 26. Juli 1843 iwwer de Primärschoulunterricht: Schoulhalen op Däitsch a Franséisch

1843

Artikel Tags réforme

De modernen ëffentlechen Enseignement gëtt duerch en éischt Schoulgesetz organiséiert a souwuel vum Staat wéi och der Kierch kontrolléiert.

Nodeems et an der Verfassung vun 1841 ugekënnegt gi war, kënnt et mam Schoulgesetz vum 26. Juli 1843 zu enger fundamentaler Reform vum Primärschoulunterricht. D’Gesetz ass Deel vum Prozess, deen zentraliséiert Institutioune virgesäit, déi d’Bildung vun engem autonome Staat solle beschleunegen. Nom Virbild vun änleche Gesetzer a Frankräich, der Belsch an Holland an op der Basis vu fréiere Reglementer wëll een eng Verbesserung vun der Primärschoulbildung erreechen. D’Gemenge sinn all verflicht, dauerhaft eng Schoul ze ënnerhalen. Dem Albert Calmes no hat deemools een Drëttel vun de Gemenge keng Primärschoul a vun den 382 Schoulen, déi et gouf, hunn der 176 nëmmen an de Wanterméint Unterricht gehalen.1Albert Calmes, Histoire contemporaine du Grand-Duché de Luxembourg. Volume IV: La création d’un Etat 1841-1847, Lëtzebuerg 1983, S. 266. D’Gesetz gesäit sechs Schouljoer vir, déi awer net obligatoresch sinn.

Dat neit Gesetz féiert den Unterricht op Däitsch a Franséisch an, eng wichteg Etapp um Wee zu engem méisproochege Staat virum Hannergrond vum Verloscht vun deem an der Haaptsaach franséischsproochegen Deel vum Land 1839 (Art. 1). D’Aféierung vun der franséischer Sprooch, déi souwuel mëndlech wéi och schrëftlech ze beherrschen ass, ass net onëmstridden. Well verschidde Léierkräften d’Franséischt selwer net gutt beherrschen a fir de Kriticke vun den Elteren entgéintzewierken, kann d’Léierpersonal sech vum Franséischunterricht befreie loossen.

D’Gesetz reegelt ausserdeem den Afloss vun der Kierch an der Primärschoul. De Staat ass zwar déi wichtegst Autoritéit am Land, d’Kierch huet awer e Consultatiounsrecht. Dëse Kompromëss zugonschte vun der Kierch ass d’Resultat vu laangen a poleemeschen Diskussiounen tëschent dem Apostolesche Vikar Jean-Théodore Laurent a senger Gemeinschaft op där enger an de Membere vun der liberaler Regierung op där anerer Säit. De Reliounsunterricht gëtt vum Paschtouer vun der Gemeng gehalen an als Member vun der kommunaler Schoulkommissioun huet en zu jiddwer Zäit Zougang zur Schoul (Art. 51, 57). D’Léierpersoune bleiwen awer déi eenzeg Responsabel fir déi aner Fächer (Art. 53).

Fir d’Qualitéit vum Unterricht ze verbesseren, gëtt eng Normalschoul gegrënnt, eng pedagogesch Schoul fir d’Ausbildung vun neiem Léierpersonal (Art. 87). D’Gesetz erlaabt et, am Alter vun 18 Joer Schoul ze halen a vu 16 Joer un als „Sous-maître“ ze schaffen (Art. 2). De Klerus suergt fir déi reliéis Ausbildung vun de Léierpersounen (Art. 87). D’Kandidate mussen all e Certificat iwwer hir biergerlech a reliéis Sittlechkeet virleeën, dee vum Buergermeeschter a vum Schäffe vun der Gemeng wéi vum Paschtouer aus der Par ausgestallt gëtt (Art. 75). Eng kinneklech-groussherzoglech Unterrichtskommissioun, déi zu engem Drëttel aus Membere vum Klerus besteet, huet ënner anerem d’Recht, d’Schoulbicher ze evaluéieren an d’Léierpersounen ze kontrolléieren (Art. 59, 61, 73). D’Organisatioun vum Primärschoulunterricht ass domat zentraliséiert an d’Léierpersonal staark hierarchiséiert: D’Léierpersoune sinn hierarchesch a Klassen agedeelt a brauche Kompetenzbreveten, déi se duerch Weiderbildunge kréien (Art. 83).

D’Gesetz mécht e kloren Ënnerscheed tëscht ëffentlechen a private Schoulen. Och wann déi privat Schoulen net vum Staat subventionéiert ginn, sou gëlle fir si déi nämmlecht Konditiounen a si ginn d’nämmlecht kontrolléiert wéi hir ëffentlech Pendanten.

 

Si dans tous nos rapports précédents et particulièrement encore dans celui de l’année dernière, nous avons particulièrement signalé l’enseignement du français, comme laissant beaucoup à désirer, surtout dans un très-grand nombre d’écoles des cantons des Ardennes, nous avons pour le constater, devant nous le résultat du concours qui a eu lieu au mois d’août dernier entre plusieurs écoles des cantons de Clervaux et de Wiltz. Voici comment s’exprime à cet égard le Président du concours dans un rapport du 30 du même mois : « La lecture française est généralement négligée. Il parait que, sauf quelques rares et honorables exceptions, les instituteurs ne donnent aucun soi à cette branche de l’enseignement ; j’ai même pu constater que, dans certaines écoles, on n’a commencé à lire le français, qu’au moment où ces écoles ont été désignées pour le concours. » Mais répétons-le, le plus grand nombre des écoles sont en voie de progrès. (sic !) 2Cité d’après le Rapport général sur l’état de l’instruction primaire dans le Grand-Duché de Luxembourg, pendant l’année scolaire 1854 à 1855, fait en exécution de l’art. 81 de la loi du 26 juillet 1843, sur l’instruction primaire, an: Der Schulbote. Eine Zeitschrift zunächst für die Schullehrer des Großherzogthums Luxemburg bestimmt, n° 12 (1855), S. 298-299.

D'Couverture vun der Nummer 1 vun: Der Schulbote. Eine Zeitschrift zunächst für die Schullehrerdes Großherzogthums Luxemburg bestimmt, Lëtzebuerg 1844

Dokumenter

Biografesch Nott zum Johannes Theodor Laurent (1804–1884)

De Johannes Theodor Laurent (geb. de 6. Juli 1804 zu Oochen, gestuerwen den 20. Februar 1884 zu Simpelveld) studéiert Theologie zu Bonn a Léck, wou en an de Priesterseminar antrëtt. No senger Wei zum Bëschof am Joer 1839 gëtt de Laurent Apostolesche Vikar vun Norddäitschland an Titularbëschof vu Chersonèse op Kreta. Am Dezember 1841 gëtt en zum Apostolesche Vikar vu Lëtzebuerg ernannt. Den energesche Vikar geréit duerch seng kompromësslos Ënnerstëtzung vu Roum a seng héich Fuerderungen zugonschte vun der kathoulescher Kierch geschwënn a Konflikt mat der liberaler Regierung vum Land, woubäi et virun allem ëm den Afloss vun der Kierch an der ëffentlecher Schoul geet. No de revolutionäre Stréimunge vun 1848 verlaangt d’Lëtzebuerger Regierung vum Poopst Pius IX., de Laurent ofzeberuffen. Dem Georges Hellinghausen no waren déi schoulesch Affairen, mat deenen de Laurent ze doen hat, ee vun de Grënn, firwat e Lëtzebuerg verlooss huet.3Hellinghausen Georges, Rome–La Haye–Luxembourg et la question scolaire au Grand-Duché, an: Hémecht 2016/2, S. 141-187, hei: S. 178.

Den Apostolesche Vikar Laurent - Source: wikimedia commons (domaine public)