Iwwert Jore sichen
3 min
Gesetz vum 23. Juli 1848 iwwer den Enseignement supérieur an den Enseignement moyen
1848
Artikel Tags AL LCD LCE réforme
Fir d’Verfassung ëmzesetzen, gëtt per Gesetz vum 23. Juli 1848 den Enseignement moyen (de spéideren Enseignement secondaire) an den Enseignement supérieur gereegelt. Fir den Enseignement moyen huet een elo de Choix tëscht dem Gymnase an der Industrieschoul.
Mam Organisatiounsgesetz vum 23. Juli 1848 gëtt deen am Schlussartikel vun der Verfassung vun 1842 festgeluechte Legislativprogramm ëmgesat. De Projet de loi huet e puer Joer gebraucht a gëtt vum Groussherzog eréischt wärend der konstitutioneller Phas 1848 ënnerschriwwen.
Den Enseignement moyen, de spéidere Secondaire, gëtt an zwou Filièren opgedeelt: de Gymnase an d’Industrieschoul (Art. 5). De Gymnase mat sechs Joer Lycée an engem Joer Preparatoire bereet op den Enseignement supérieur vir, d’Industrieschoul ass fir déi jonk Leit geduecht, „qui se destinent aux arts, à l’industrie et au commerce“ (Art. 5).
Am Land bidde just dräi staatlech Schoulen, an zwar den Athénée royal grand-ducal an der Stad, de Progymnase royal grand-ducal zu Dikrech an d’École moyenne et industrielle zu Iechternach, den Enseignement moyen un.
Den Athenäum bitt als Eenzegen e ganze Curriculum fir de Lycée an d’Industrieschoul un, inklusiv d’Joer Preparatoire (Art. 5). Am Progymnase royal grand-ducal zu Dikrech stinn déi Fächer um Programm, déi an de véier ënneschte Klasse vum Gymnase an am Preparatoire enseignéiert ginn (Art. 6). Wëll de Schüler de ganze Secondaire maachen, muss en duerno an den Athenäum wiesselen. De Progymnase zu Iechternach gëtt an eng École moyenne et industrielle ëmgewandelt, d’Schouldauer ass hei net gesetzlech festgeluecht (Art. 7).
Dat ongläicht Schicksal vun deenen zwee Progymnasë gëtt an der Ständeversammlung laang diskutéiert.
Mat Ausnam vun de Kanner aus aarme Verhältnisser, déi vun der Gemeng dovu befreit ginn, mussen d’Schüler all Joer Schoulgeld bezuelen (Art. 12). D’Direktere vun de Schoulen an d’Proffen hunn de Status vum Staatsbeamten (Art. 10).
D’Gesetz féiert ënner anerem de System vun den akadeemesche Graden um Niveau vum Enseignement supérieur an. D’Schüler kënnen hir Universitéit am Ausland zwar fräi wielen, mussen awer en Exame maachen. Duerch dës Moossnam suergt dee jonke Grand-Duché fir d’Ausbildung vu sengen Elitten (Art. 19–49).
Schoulprogramm fir d’Schouljoer 1881/1882 vum Progymnase royal grand-ducal vun Dikrech
Verdeelung vun de Matièren, déi mussen enseignéiert ginn, ënnert dem Léierpersonal vum Athénée grand-ducal fir d’Joer 1881/1882
Dokumenter
Biografesch Nott zum Abbé Pierre Stehres (1804–1883)
De Pierre Stehres (gebuer 1804 zu Furen a gestuerwen 1883 zu Dikrech) studéiert zu Léiwen an trëtt duerno an de Seminar zu Tréier an. 1827 gëtt en als Geeschtleche geweit a setzt seng Studien zu Bonn fort. En ass gläichzäiteg Aumônier am Internat vun der hollännescher Regierung, wou d’Studente vun der philosophescher Fakultéit ënnerbruecht sinn. Am November 1830 notzt en déi méi grouss Autonomie wärend de revolutionären Onrouen a gëtt ee vun den Initiatore vun enger kommunaler Ecole moyenne zu Dikrech. Aus dëser Schoul gëtt 1841 de Progymnase. De Pierre Stehres gëtt Direkter vun dëser Schoul, e Posten, op deem e bis 1871 bleift.