Iwwert Jore sichen
2 min
Gesetz vum 16. August 1965 iwwer d’Schafung vum Enseignement moyen
1965
Artikel Tags réforme
Mam Gesetz vum 16. August 1965 gëtt den Enseignement moyen fir Jongen a Meedercher ageféiert. Dee fënnefjäregen allgemengen Unterricht soll op déi ënnescht a mëttel Karriären an der ëffentlecher Verwaltung an dem Privatsektor virbereeden.
Am August 1965 ginn Neierungen am Bildungssystem gestëmmt. Den Enseignement moyen gesäit par rapport zum Secondaire méi kuerz a méi liicht postprimär Studie vir.
D’Mëttelschoule bereeden op déi ënnescht a mëttel Karriären an der ëffentlecher Verwaltung an dem Privatsektor vir (Art. 25). Si si fir déi jonk Leit geduecht, déi nom Primär nach weider an d’Schoul wëlle goen, mee den Uspréch vum Secondaire méiglecherweis net gerecht kënne ginn.
Ëffnung an Demokratiséierung vum Zougang zu engem postprimären Unterricht
Den Enseignement moyen entsprécht dem politesche Bestriewen, de postprimären Unterricht fir jonk Meedercher a Jongen ëmmer méi zougänglech ze maachen, dëst virum Hannergrond vun engem staarke Wuesstem vum tertiäre Sektor an der Lëtzebuerger Wirtschaft.
Um Léierplang vum Enseignement moyen fënnt ee weeder Latäin nach Griichesch. Déi gesetzlech virgeschriwwen Unterrichtsfächer si Moral- a Reliounsunterricht, Franséisch, Däitsch an Englesch, Arithmeetik, Algebra, Geometrie, Geschicht a Geografie, Naturwëssenschaften, Civique, Geschäftspraktiken, ästheetesch Erzéiung an Zeechnen, Musek a Sport. D’Meedercher hunn ausserdeem nach Unterricht an hauswirtschaftleche Fächer (Art. 32).
Ministerialbericht (warscheinlech aus dem Joer 1965) zur Schafung vun engem Enseignement moyen
Extrait aus engem Rapport vun der Commission d'instruction grand-ducale (21. Dezember 1964)
Le succès de la réforme dépondra de l’esprit dans lequel les directeurs et enseignants aborderont la tâche de pionniers, qui exigera des qualités particulières, un grand savoir-faire pédagogique et une large ouverture d’esprit. Ce n’est qu’à ce prix que pourra s’obtenir l’indispensable adhésion des parents au nouveau type d’enseignement. L’aspect psychologique du problème ne doit pas être sous-estimé. Dès les premières expériences, le nouveau type d’école et d’enseignement devra être valorisé auprès du public, tant pas le choix du personnel enseignant que par les débouchés assurés. 1Rapport vun der Commission d’instruction grand-ducale du 21 décembre 1964, S. 7, an: ANLux, MEN-1185.
Dokumenter
Parlamentareschen Dossier Nr. 920 - Archive vun der Chamber
Gitt wgl. d’Nummer 920 an d’Sichfeld „Par numéro de dossier parlementaire“ an, fir de ganzen Dossier kucken ze kënnen.