Iwwert Jore sichen Iwwert Tags sichen

Iwwert Jore sichen

Schüler virum Athénée am Joer 1968. D'Gesetz dat gemëschte Klassen aféiert, ass nach net ëmgesat. - Source: Fotographie vum de Théo Mey (1968) 221 nég. 5a - copyright Photothèque de la Ville de Luxembourg

3 min

Gesetz vum 10. Mee 1968: grouss Verännerungen am Secondaire

1968

Artikel Tags réforme

D’Gesetz vum 10. Mee 1968 gesäit wichteg Verännerungen am Enseignement secondaire vir. Gemëschte Klasse ginn ageféiert an d’Dauer an d’Opdeelung vum Secondaire ginn ugepasst.

D’Gesetz vum 10. Mee 1968, un deem zënter 1959 geschafft gëtt, gesäit wichteg Verännerungen am Enseignement secondaire vir.

Gemëschte Klassen

Den Unterricht vu Jongen a Meedercher gëtt gläichgestallt, wat gemëschte Klassen erméiglecht. D’Zil vum Enseignement ass, de Schüler eng allgemeng Bildung zoukommen ze loossen a se op d’Uni virzebereeden (Art. 44).

D’Studiendauer am Secondaire bleift bei siwe Joer, fir déi ënnescht Klasse sinn dräi Joer, fir déi iewescht véier Joer virgesinn (Art. 46). Fir an déi iewescht Klassen ze kommen, muss een no dem drëtte Joer e Passage-Exame maachen. No dem éischte Joer, dat als Orientéierungsklass bezeechent gëtt, wielen d’Schüler tëscht dem Secondaire classique (mat Latäin) an dem Secondaire moderne (Art. 47).

Morale laïque

Latäin ass kee Krittär méi fir d’Wiel vun der Sektioun am Lycée a verléiert domat u Gewiicht, grad ewéi Griichesch. D’Sektiounen, déi nom Passage-Exame kënne gewielt ginn, sinn: Sproochen (A), Wëssenschafte mam Haaptfach Mathé (B) oder mam Haaptfach Naturwëssenschaften (C) an Ekonomie (D).

Eng weider Neierung ass d’Aféierung vun der Morale laïque parallel zum Reliouns- a Moralunterricht. D’Schüler kënne vu béide Coursë befreit ginn (Art. 48).

Den Artikel 52 schaaft e psychologeschen a schoulesche Berodungsdéngscht, de SPOS (Service de psychologie et d’orientation scolaire), an den Artikel 55 garantéiert de gratis Unterricht.

 Schoulrot

Des Weidere gesäit Gesetz d’Schafe vun engem  Schoulrot an all Lycée vir. D’Zesummesetzung an d’Aufgabe vun dëse Réit ginn eréischt duerch dat groussherzoglecht Reglement vum 10. Juli 1973 iwwer d’Organisatioun vun de Schoulréit an de Lycéeë festgeluecht. De Schoulrot erlaabt et de Schüler an Elteren, sech méi staark un den Entscheedungsprozesser an der jeeweileger Schoul ze bedeelegen.

All Schoulrot besteet aus néng Memberen an néng Suppleanten (Art. 1). Den Direkter vum Lycée ass als Vertrieder vun der Direktioun automatesch Member vum Schoulrot. Déi eenzel Membere ginn aus dëse Gruppen ernannt: Léierpersonal (4 Mandater), Elteren (2 Mandater) a Schüler (2 Mandater) (Art. 2). De Rot wierkt ë. a. mat „à la modification et à l´adaptation du règlement de discipline et d´ordre intérieur à fixer par le Ministre de l´Education Nationale“ an „avise les propositions du budget annuel de l’établissement“. Doriwwer eraus kann en „des propositions sur toutes les questions intéressant la vie et l´organisation de l´établissement“ formuléieren (Art. 12).

De Schoulrot ass eng direkt Reaktioun op déi ëmmer méi staark Fuerderung no méi Bedeelegung vun de Schüler um Unterricht.

 

Dokumenter

Parlamentareschen Dossier Nr. 920 – Archive vun der Chamber

Gitt wgl. d’Nummer 920 an d’Sichfeld „Par numéro de dossier parlementaire“ an, fir de ganzen Dossier kucken ze kënnen.