Iwwert Jore sichen
De Léon Moutrier (1872–1940) gëtt Generaldirekter fir den Interieur an ëffentlech Bildung
1916
Artikel Tags biographie directeur général
De Léon Moutrier kënnt den 10. Dezember 1872 zu Esch-Uelzecht op d’Welt. En ass Diplomat a liberalen Deputéierten am Parlament. 1916 gëtt en an der Regierung Victor Thorn Generaldirekter fir Justiz an ëffentlech Bildung a behält dëse Posten an der Regierung Kauffman bis September 1918. Duerno schléit d’Chamber hien als President fir d’Chambre des Comptes vir. Bis 1936 sëtzt de Léon Moutrier am Staatsrot.