Iwwert Jore sichen Iwwert Tags sichen

Iwwert Jore sichen

Baussevue op d' École de commerce et de gestion - Source: SCRIPT

2 min

D’Reform vum Enseignement secondaire technique an der berufflecher Weiderbildung vun 1990

1990

Artikel Tags réforme

1990 kënnt et zu enger ëmfaassender an innovativer Reform vum Enseignement secondaire technique. Mam Ofschlossdiplom vum Secondaire technique ass et elo méiglech, op enger Héichschoul weiderzestudéieren. Ausserdeem gëtt de Brevet de Technicien Supérieur ageféiert.

De Projet iwwer d’Adaptatioun vum Enseignement secondaire technique 1990 ass virun allem aus der Noutwennegkeet entstanen, d’Technikerausbildung nei ze iwwerdenken, well et ëmmer schwiereg war, se vun der Handwierkerausbildung ofzegrenzen. Den zoustännege Minister Marc Fischbach (CSV) iwwerschafft de Projet vu sengem Virgänger Fernand Boden (CSV) an deem Sënn. D’Gesetz vun 1990 féiert no den dräi Joer vum Cycle inférieur dräi verschidde Regimmer an (Technesch Ausbildung, Technikerausbildung, Beruffsausbildung).

De Régime professionnel kennzeechent sech duerch d’Léier, eng praktesch Ausbildung an engem Betrib mat engem Léierkontrakt a Beruffsausbildungscoursen an engem Lycée technique, wat an der Reform als „apprentissage à deux degrés“ bezeechent gëtt. Déi éischt Stuf dauert an der Reegel zwee Joer a vermëttelt eng berufflech Basisqualifikatioun, déi mat engem Certificat d’initiation technique et professionnelle (CITP) ofschléisst.

Déi zweet Stuf vun der Ausbildung gëtt de Schüler mam Certificat d’initiation technique et professionnelle (CITP) déi Zousazqualifikatioun, déi si fir de Certificat d’aptitude technique et professionnelle (CATP) brauchen. Dësen Deel vun der Ausbildung gëtt entweeder am Kader vun der Beruffsausbildung oder am Kader vun der berufflecher Weiderbildung absolvéiert.

D’Gesetz gëtt deenen, déi en den Ofschlossdiplom vum Enseignement secondaire technique hunn, Zougang zum Héichschoulunterricht. Och gëtt de Brevet de Technicien Supérieur (BTS) ageféiert, eng Ausbildung, déi iwwer dem Enseignement secondaire technique steet an déi héchstens zwee Joer dauert.

Jiddwereen, deen den Technikerdiplom, den Ofschlossdiplom vum Secondaire technique oder den Ofschlossdiplom vum Secondaire huet, ka sech fir dëse BTS aschreiwen. D’Ecole de Commerce et de Gestion (den haitege Lycée technique E.C.G.) offréiert déi éischt BTS fir Handel a Verwaltung.

Dokumenter

Parlamentareschen Dossier Nr. 3300 – Archive vun der Chamber

Gitt wgl. d’Nummer 3300 an d’Sichfeld „Par numéro de dossier parlementaire“ an, fir de ganzen Dossier kucken ze kënnen.

Extrait aus der Emissioun RTL, Hei Elei vum 23. September iwwert d'Reformen - Archiv: Centre national de l’audiovisuel (CNA) (AV002613)

De fréieren Educatiounsminister Fernand Boden iwwert d'BTS (Interview vum SCRIPT).

De fréieren Educatiounsminister Marc Fischbach, iwwert d'Gläichsetze vun 13ème technique a 1ère (Interview vum SCRIPT).