Iwwert Jore sichen
Déi gréisst Demo an der Geschicht vun der Educatioun
2012
Den 22. Mäerz 2012 demonstréieren ongeféier 6000 Enseignanten, Chargéen, Educateuren an Eltere vu Schüler op Initiativ vun de Gewerkschaften SEW/OGBL, APESS, FEDUSE/CGFP an SNE/CGFP virum Educatiounsministère an der Rue Aldringen an der Stad géint d’Reform am Secondaire. Et ass déi gréisst Manifestatioun an der Geschicht vun der Educatioun zu Lëtzebuerg.
Obschonns d’Educatiounsministerin Mady Delvaux-Stehres ukënnegt, den Dialog iwwer d’Reform vum Secondaire nach bis d’Fréijoer 2013 weiderzeféieren, bleiwen d’Gewerkschaften SEW/OGBL, APESS, FEDUSE/CGFP an SNE/CGFP bei hirem Opruff zur Demonstratioun den 22. Mäerz 2012. D’Gewerkschafte geheien der Ministerin vir, „Chaos“ am Secondaire wëllen ze verursaachen. D’Enseignantë manifestéieren och géint d’Reform vun der Fonction publique, géint déi se den 1. Mäerz 2012 eng Sammelklo agereecht hunn.