Iwwert Jore sichen Iwwert Tags sichen

Iwwert Jore sichen

Source: erasmusu (domaine public)

D’Covid-Pandemie stellt de Schoulsystem op eng haart Prouf

2020

Artikel Tags COVID-19

D’Covid-19-Pandemie stellt och de Schoulsystem op eng haart Prouf. Fir eng weider Ausbreedung vum Virus ze verhënneren a gläichzäiteg den Zougang zur Bildung fir jiddwereen ze garantéieren, musse bannent kierzester Zäit immens Efforte gemaach ginn.

Well d’Zuel vun de Covid-19-Infektiounen zu Lëtzebuerg weider klëmmt, beschléisst d’Regierung den 12. Mäerz 2020 eng Rei vu Mesurë fir den Enseignement: D’Aktivitéiten an de Grondschoulen, am Secondaire an an den Héichschoule gi vum 16. Mäerz 2020 u fir zwou Woche gestoppt.

„Schoul doheem“

Wärend Méiglechkeete fir de Schoulunterricht vun doheem aus geschafe ginn, gëtt am Mäerz 2020 eng Helpline ageriicht, fir d’Elteren an d’Léierpersonal op pedagogeschem Plang ze informéieren, ze beroden an ze ënnerstëtzen. Zur selwechter Zäit ginn d’Websäit schouldoheem.lu mat Ressourcen a pedagogeschem Material an de Beräich kannerdoheem.lu mat Iddie fir Aktivitéite mat Kanner vun 1 bis 12 Joer bereetgestallt. D’Campagne Well-being@Home mat Infoen zu Moossname fir eng gutt mental Hygiène an enger Krisesituatioun gëtt lancéiert. Den 20. Abrëll fänken d’Hëllefs- a Betreiungsaktivitéite fir d’Schüler erëm un. Enn Abrëll/Ufank Mee maachen d’Schüler an d’Enseignantë vun den Ofschlossklassen e Large-Scale-Testing, éier d’Coursen de 4. Mee 2020 erëm ufänken. D’Ofschlossexame ginn adaptéiert a fänken de 25. Mee 2020 un. Den Unterricht gëtt den 11. Mee 2020 an deenen anere Lycéesklassen erëm opgeholl (gespléckte Klassen no engem wëchentleche Rotatiounsprinzip) an de 25. Mee am Enseignement fondamental. D’Betreiungsstrukture fonctionéieren erëm wéi gewinnt.

Den 29. Juni 2020 leeft de Schoulbetrib erëm normal. An der Schoulvakanz bitt d’„Summerschool“ Nohëllefstonne fir d’Schüler an d’Schülerinnen aus der Grondschoul an dem Enseignement secondaire. Dossieren, fir de Stoff ze widderhuelen an opzefrëschen, sinn op www.schouldoheem.lu disponibel. Éier d’Schoul Ufank September erëm ufänkt, gëtt e Large-Scale-Testing fir d’Léierpersonal an d’Schüler ugebueden.

 

E „Stufeplang“ fir d’Rentrée 2020

De 15. September 2020 fänkt d’Schoul erëm un, mat ganze Klassen an enger Maskeflicht fir Kanner vu 6 Joer un, wann se net op hirem Stull am Klassesall sëtzen. E Stufeplang gouf ausgeschafft fir de Fall, datt et positiv Fäll vu Covid-19 an der Klass gëtt. De Plang gëtt e puermol ugepasst an de 16. November setzt de Ministère mobil Ekippe fir d’Covid-Tester an de Schoule vum Primär a Secondaire an.

Mat der Rentrée gëtt och déi nei Formatioun Diplom+ ageféiert, en zousätzlecht Ausbildungsjoer fir jonk Leit, déi de Secondaire resp. hir Beruffsausbildung ofgeschloss hunn. Déi eng kënnen dat Joer notzen, fir prett ze sinn, wann den Aarbechtsmaart erëm unzitt a gutt qualifizéiert Leit gebraucht ginn, déi aner kënne beräichsiwwergräifend Kompetenzen opbauen, déi hinnen als spéider Studente kënnen nëtzlech sinn.

Vum 30. November 2020 u gëllt fir déi iewescht Klasse vum Secondaire (4e, 3e an 2e) erëm de Rotatiounsprinzip. De 25. November gëtt decidéiert, de Secondaire an Zukunft a Semesteren anzedeelen.

Den 18. Dezember 2020 gëtt eng Helpline an d’Liewe geruff fir de Kanner,Jugendlechen, Elteren a Famillen eng Hëllef an eng psychologesch Ecoute unzebidden.

D’Joer 2021 fänkt mat verlängerte Vakanzen un

D’Infektiounszuele klammen erëm, duerfir ginn de Presenzunterricht an d’Präsenzaktivitéite vum 4. bis den 8. Januar a vum 8. bis den 12. Februar, kuerz virun der Fuesvakanz, ausgesat. De 4. Januar fänkt de Programm „Schoul doheem on air“ als Live-Stream un. Erëm gëtt dem Léierpersonal an de Schüler e Large-Scale-Testing virum Unterricht ugebueden. Am Januar ginn CO₂-Moossapparater un d’Primärschoulen an d’Lycéeë verdeelt, fir drun ze erënneren, wéi wichteg et ass, d’Klassesäll reegelméisseg ze lëften. D’Léierpersonal an de Grondschoulen an de Kompetenzzentre kréien FFP2-Masken.

De „Stufeplang“ gëtt verschäerft, virun allem duerch eng allgemeng Maskeflicht, méi Covid-Tester a lokal an national Mossnamen, sollt sech d’Situatioun verschlechteren. De 15. Februar gëtt e Large-Scale-Testing fir d’Fachkräften an der Educatioun a fir déi Schoulen ageleet, déi am stäerkste vum Virus betraff sinn. Gläichzäiteg gëtt et eng Rei nei Ënnerstëtzungsmoossname fir Kanner a Jugendlecher. Eng Pilotphas fir den Asaz vu Covid-Schnelltester an de Grondschoulen a Lycéeë fänkt un. De 15. Abrëll gëtt ugekënnegt, datt vum 19. Abrëll bis de 15. Juli massiv Covid-Tester verdeelt ginn.

Am Hierscht 2021 klammen d’Zuelen erëm

E puer Wochen no der Rentrée am September 2021 klammen d’Zuele vun den Nei-Infizéierunge bei Kanner ënner 12 Joer däitlech, der Grupp vu Persounen deemno, déi net geimpft sinn. Am November 2021 gëtt et an der Grondschoul méi Fäll wéi am selwechten Zäitraum 2020.

D’Tester ginn erëm verstäerkt. De Ministère verzicht awer op méi radikal Moossname wéi en allgemengen „Homeschooling“, d‘Verlängerung vun der Chrëschtvakanz oder eng Test- a Maskeflicht.

Zeréck zur Normalitéit no der Ouschtervakanz 2022

D’Lag, wat d’Covid-19-Infektiounen ugeet, entspaant sech am Fréijoer 2022. Vum 19. Abrëll 2022 un, d. h. no der Ouschtervakanz, gëtt an de Schoulen net méi getest. Mat dëser Decisioun fonctionéiert an de Schoulen erëm alles wéi gewinnt.

Dokumenter

Timeline 2020-2021

Ee Joer Covid-19

Extrait aus dem RTL-Journal vum 18. Mäerz 2020 iwwer d’Zoumaache vun de Schoulen an den Home Schooling © RTL Télé Lëtzebuerg

Extrait aus dem RTL-Journal vum 2. Abrëll 2020 iwwer d’Moossname vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend am Zesummenhang mat der sanitärer Kris © RTL Télé Lëtzebuerg

Pressedossier vum 15. Abrëll 2021

Bericht iwwer de Covid-19 an der Schoul an d’Strategie vun de Selbsttester

Interview mam Minister fir Education, Kanner a Jugend Claude Meisch (vum SCRIPT)

Kuerze Bilan am Video den 9. Mäerz 2021 iwwer ee Joer Covid-19.

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend Claude Meisch iwwert d'Decisioun, d'Schoulen zouzemaachen (Interview vum SCRIPT)