Iwwert Jore sichen Iwwert Tags sichen

Iwwert Jore sichen

Portrait vum Henri Kirpach - Source: Fotographie vun der Gemeng Mamer

3 min

D’Gesetz vum 20. Abrëll 1881 iwwer d’Organisatioun vum Primär

1881

Artikel Tags réforme

Den 20. Abrëll 1881 ginn e puer Schoulgesetzer gestëmmt, déi als „Loi Kirpach“ bekannt sinn, nom Generaldirekter fir den Interieur Henri Kirpach, deen zënter 1878 fir déi ëffentlech Bildung zoustänneg ass.

D’Loi Kirpach reforméiert de Primär, dee bis zu deem Zäitpunkt op der Grondlag vum Gesetz vun 1843 fonctionéiert huet. Eng wichteg Ännerung betrëfft de Léierplang: Zu de Fächer, déi am Schoulgesetz vun 1843 festgeluecht sinn, nämlech Reliouns- a Moralunterricht, Liesen a Schreiwen am Däitschen a Franséische souwéi Rechnen, kommen elo Gymnastik, Comptabilitéit, Linearzeechnen, naturwëssenschaftlech Elementer, Gesang, Geografie, Gewiichter a Moossen derbäi (Art. 1). Dat ëmmer méi staarkt nationaalt Bewosstsi gëtt duerch d’Aféierung vun engem Cours iwwer déi national Geschicht erëmgespigelt. Op de Léierplang fir Meedercher kënnt nach Strécken (Art. 1).

Mat der Loi Kirpach gëtt d’Roll vun der Kierch am  Primär revidéiert. Fir déi national Unterrichtskommissioun, den Nofollger vun der kinneklech-groussherzoglecher Unterrichtskommissioun aus dem Gesetz vum 26. Juli 1843, gëtt d’Zuel vun de Geeschtlechen erofgesat (Art. 78). D’Opsiicht iwwer d’Léierpersonal gëtt vum Staat an der Gemeng iwwerholl. De Klerus däerf net méi zu all Moment an d’Schoul eran, mee muss sech u fix Zäiten halen (Art. 71). E behält just nach d’Kontroll iwwer de Reliounsunterricht. De Paschtouer aus der jeeweileger Par stellt weiderhin zesumme mam Buergermeeschter an dem Schäffe vun der Gemeng d’Certificaten iwwer déi biergerlech a reliéis Sittlechkeet aus (Art. 54). D’Gesetz reduzéiert esou den Afloss vun der Kierch op d’Schoul a verstäerkt d’Trennung vu Kierch a Staat.

D’Hierarchiséierung vun de Léierpersoune gëtt duerch d’Andeelung a Räng, déi op „Kenntnisser“ a „Fäegkeete“ baséieren, verstäerkt. Deen nächste Rang erreecht een duerch eng Prüfung (Art. 53).

D’Gesetz gesäit och Schoule fir Erwuessener, wéi Owesschoulen, vir a Formatioune fir eng Gesellschaft, déi sech séier verännert. Dës Schoulen hunn en immense Succès. 1893 zielt de Kirpach der schonn iwwer 400 (Art. 105).

Extrait vum Luxemburger Wort vum 2. Oktober 1880

(Der Reformentwurf) ist das Kind des heutigen Liberalismus, er steht auf dem Boden der liberalen Grundsätze (…) er verkennt die natürlichen Rechte der Familie und die göttlichen Rechte des Christenthums, der kath. Kirche; er verletzt die individuellen Freiheiten und die Freiheiten der Gemeinde; er verkümmert die Stellung der Lehrer und den Fortschritt der Schule; er ist antichristlich, antisocial, friedensstörend, er ist ein Denkmal des Undankes, ein Gewebe von Widersprüchen, das wir, wenn andere Minister es vorgelegt hätten, als eine oeuvre d’hypocrisie et d’ignorance bezeichnen würden.

Vun Oktober 1880 u verëffentlecht d’ Luxemburger Wort reegelméisseg Artikelen, déi géint de Projet vun der Reform sinn.

Extrait vum Luxemburger Wort vum 2. Oktober 1880