Iwwert Jore sichen Iwwert Tags sichen

Iwwert Jore sichen

Portrait de Joseph Bech - Source: SIP - (DL_67151)

De Joseph Bech (1887–1975) gëtt Generaldirekter fir den Interieur a fir ëffentlech Bildung

1921

Artikel Tags biographie directeur général

De Joseph Bech kënnt de 17. Februar 1887 zu Dikrech op d’Welt. 1914 etabléiert e sech no sengem Studium zu Freiburg a Paräis als Affekot zu Lëtzebuerg a geet nach am selwechte Joer an d’Politik, wéi e säi Monni Philippe als Deputéierten a President vun der Rietspartei ersetzt. 1921 gëtt en an der Regierung Emile Reuter Generaldirekter fir ëffentlech Bildung. Vun 1926 bis 1937 ass de Regierungschef och Ausseminister, e Ressort, deen em an der Exilregierung zu London (1940–1944) op en Neits uvertraut gëtt. Dëst Mandat behält en och nom Zweete Weltkrich an ass vun 1953 bis 1958 eng weider Kéier Staatsminister. No fënnef Joer als Chamberpresident zitt sech de Joseph Bech 1964 aus der Politik zeréck.