Iwwert Jore sichen
De Jean Dupong (1922–2007) gëtt Educatiounsminister
1967
Artikel Tags biographie ministre
De Jean Dupong gëtt den 18. Mee 1922 an der Stad gebuer a léiert fir Affekot. De Jong vum fréiere Premier Pierre Dupong kënnt 1954 eng éischt Kéier an d’Chamber. Bis 1967 a vun 1974 bis 1979 ass en Deputéierten an de Regierunge Werner-Cravatte a Werner-Schaus. Zu senge Ressorte gehéieren d’Bildung, d’Famill, d’Jugend, d’Aarbecht, d’sozial Sécherheet an de Wäibau. Zu dëser Zäit ginn Ännerungen am Secondaire ageféiert, virun allem gëtt aus der 7e eng gemeinsam Orientéierungsklass fir den Enseignement classique an den Enseignement moderne, gemëschte Klasse ginn ageféiert, e Fach „Morale laïque“ oder d’Méiglechkeet, „näischt“ ze wielen. Weider ernimme kann een d’Héichschoulreform an d’Unerkennung vun auslänneschen Universitéitsdiplomer 1969. Den CSV-President vun 1965 bis 1972 schléisst seng politesch Karriär mat engem Sëtz am Staatsrot of (1979–1994).