Iwwert Jore sichen Iwwert Tags sichen

Iwwert Jore sichen

Portrait vum Henri Kirpach - Source: Fotographie vun der Gemeng Mamer

Den Henri Kirpach (1841–1911) gëtt Generaldirekter fir den Interieur

1878

Artikel Tags biographie directeur général

Den Henri Kirpach, gebuer den 2. Mäerz 1841 zu Mamer, léisst sech no sengem Studium zu München, Heidelberg a Paräis 1865 als Affekot zu Lëtzebuerg néier. 1875 gëtt en am Alter vu 34 Joer fir de Kanton Capellen an d’Chamber gewielt. De 6. August 1878 kënnt en als Generaldirekter fir den Interieur an d’Regierung vum Staatsminister, dem Baron Felix von Blochausen. Him ass d’Gesetz vum 20. Abrëll iwwer déi allgemeng Schoulflicht ze verdanken. Den 9. Januar 1910 verléisst en d’Regierung a gëtt Member vum Staatsrot.