Iwwert Jore sichen
De Guy Linster (1933–2021) gëtt Staatssekretär fir d’Educatioun
1974
Artikel Tags biographie secrétaire d'État
De Guy Linster gëtt den 8. November 1933 gebuer. E studéiert Sproochen op der Universitéit Paräis-Sorbonne a gëtt Proff am Jongelycée an der Stad. En engagéiert sech an der LSAP, ass vun 1970 u Gemengerot zu Koplescht a gëtt 1974 zum Staatssekretär fir d’Educatioun an der DP/LSAP-Regierung ernannt. No senger Zäit an der Regierung geet de Guy Linster zeréck an de Schouldéngscht, gëtt duerno Premier Conseiller resp. Administrateur général vu verschiddene Ministèren. Parallel dozou bleift de Guy Linster an der Gemengepolitik aktiv an ass vun 2005 bis 2011 Buergermeeschter zu Koplescht. Op kulturellem Plang bleift hie weiderhi ganz engagéiert.