Iwwert Jore sichen Iwwert Tags sichen

Iwwert Jore sichen

Croquis vum Etienne Schmit aus dem Escher Tageblatt vum 20. Dezember 1937

Den Etienne Schmit (1886–1937) gëtt Generaldirekter fir d’Finanzen an d’ëffentlech Bildung

1925

Artikel Tags biographie directeur général

Den Etienne Schmit kënnt den 22. Oktober 1886 zu Rammerech op d’Welt. E studéiert Droit a léisst sech als Affekot néier, éier en zum Friddensriichter a President vum Handelsgeriicht ernannt gëtt. Et ass de Premier Pierre Prüm, deen en 1925 an d’Generaldirektioun fir Finanzen an ëffentlech Bildung berifft. Dëst Mandat dauert allerdéngs nëmmen eppes méi wéi e Joer, well d’Regierung nom Verloscht vun der Majoritéit am Parlament zerécktrëtt. 1932 ass den Etienne Schmit erëm an der Regierung (Joseph Bech), d’éischt als Generaldirekter fir ëffentlech Bauten, Handel an Industrie, herno als Generaldirekter fir ëffentlech Bauten a Justiz. De liberale Politiker gëtt 1937 zum Inneminister an der Regierung Dupong/Krier ernannt a stierft nach am selwechte Joer.