Iwwert Jore sichen
D’Erna Hennicot-Schoepges (geb. 1941) gëtt Ministerin fir Educatioun a Beruffsausbildung
1995
Artikel Tags biographie ministre
D’Erna Hennicot-Schoepges kënnt de 24. Juli 1941 zu Diddeleng op d’Welt. Si studéiert Musek, Philosophie a Literatur zu Lëtzebuerg, Bréissel, Paräis a Salzbuerg. Déi renomméiert Pianistin a Moderatorin vu Musekssendungen op RTL ass Museksproff am Stater Conservatoire a geet Mëtt der 1970er-Joren an d’Politik. 1976 gëtt se an de Gemengerot zu Walfer gewielt, vun 1988 bis 1995 ass si do Buergermeeschtesch. 1979 kënnt se an d’Chamber a gëtt allkéiers erëmgewielt, bis se 2009 decidéiert, net méi ze kandidéieren. Vun 1989 bis 1995 ass si déi éischt Chamberpresidentin. 1995 gëtt se an der Regierung Juncker/Poos Ministerin fir Educatioun, Beruffsausbildung, Kultur a Kultus. An der CSV/DP-Regierung vun 1999 bis 2004 kritt se d’Ressorte Kultur, Héichschoulbildung a Fuerschung wéi och ëffentlech Gebaier. Ënner hirer Schirmherrschaft gëtt 2003 d’Uni Lëtzebuerg gegrënnt. Vun 2004 bis 2009 ass d’Erna Hennicot-Schoepges Europadeputéiert a vun 2009 bis 2013 Member vum Staatsrot. Duerno zitt si sech aus der aktiver Politik zeréck.