Iwwert Jore sichen Iwwert Tags sichen

Iwwert Jore sichen

Émile Schaus - Source: SIP - (DL_105534)

Den Emile Schaus (1903–1994) gëtt Educatiounsminister

1959

Artikel Tags biographie ministre

Den Emile Schaus gëtt den 12. Februar 1903 zu Rëmerech gebuer. E studéiert Sproochen zu Paräis, München a Berlin, gëtt 1929 Däitschproff am Dikrecher Lycée a vun 1935 un am Stater Athenäum. E gëtt vun den Nazie wéinst senge patrioteschen Usiichte verhaft, kënnt an de Prisong an an d’KZ. 1942 gëtt e fräigelooss, muss awer zu Koblenz am Déngscht vun den Nazie bleiwen. Nom Krich gëtt den Emile Schaus zum Direkter vun der Normalschoul ernannt, eng Positioun, déi e bis 1959 behält. 1952 geet et an d’Politik a gëtt CSV-Gemengerot an der Stad Lëtzebuerg, 1958 gëtt e Schäffen, ier en 1959 zum Minister fir Landwirtschaft an Educatioun ernannt gëtt. No engem Mandat als Deputéierten (1964–1968) zitt e sech aus der Politik zeréck, konzentréiert sech op d’Schreiwen a befaasst sech mat der Lokalgeschicht vu senger Heemechtsregioun.