Iwwert Jore sichen
Den Edmond Reiffers (1881–1949) gëtt Generaldirekter fir Finanzen an ëffentlech Bildung
1915
Artikel Tags biographie directeur général
Den Edmond Reiffers gëtt den 21. November 1881 zu Munneref gebuer. E studéiert Droit a léisst sech als Nottär d’éischt zu Useldeng, dann zu Déifferdeng a schliisslech an der Stad néier. Parallel dozou ass en als Member vun der Rietspartei aktiv a gëtt am November 1915 Generaldirekter fir Finanzen an ëffentlech Bildung an der Regierung Hubert Loutsch. Do bleift en awer net laang: No engem Mësstrauensvott an der Chamber am Januar 1916 muss d’Regierung zerécktrieden.